Dem Nico seng Rubrik

Pardon wann ech meng Rubrik mat esou enger krasser Iwwerschrëft ufänken, ma wann ech all dat, wat ech déi lescht Wochen a Méint iwwert dat ganzt Gemauschels am Lëtzebuerger Karate gelies an héieren hunn, en Revue passéiere loossen, kann ech nëmmen nach „d’Bëlz“ rëselen.

Ech schwätzen hei beileiwen net vun den Athleten, ma vun e puer Responsabelen aus dem Comité vun dëser Kampfsportaart, déi iwwregens 2020 op den Olympesche Spiller zu Tokyo fir d’éischte Kéier olympesch ass, mat eventuell enger Lëtzebuerger Participatioun. Awer nëmmen dann wa gewëssen Ego-Karatefunktionnären hir Profilneuros endlech an de Grëff kréien.

Am Februar 2018 gouf de Comité Karate vun 15 op 11 Memberen reduzéiert, duerno gouf de President vun deem Comité Fred Bertinelli, net méi erëmgewielt a koum mol guer net méi an dat Gremium eran. Eng riicht an d’Gesiicht fir de Vertrieder vum KC Déifferdeng, zanter 2014 och President vun der FLAM. Ze vill egozentresch, ze vill perséinlech Intressen, en diktatoresche Féierungsstil, all dat krut de Fred Bertinelli virgeworf, den am Mäerz dunn och net méi fir de Comité Directeur vun der FLAM kandidéiert huet.

„Mat senger Muecht huet hien eis erdréckt“ gouf de Jean-Claude Roob (KC Stroossen) de 07.02.18 am Tageblatt zitéiert, deen zesummen mam Jean-Claude Henry (KC Lëntgen) dem Comite Karate nees méi kloer Strukturen wollt ginn, ënnert dem Motto: „Méi Dialog a manner Monolog“

„Eng prezis Aarbechtsopdeelung a Vollmuecht fir déi jeeweileg Responsabel“ (Jean-Claude Henry / Tageblatt – 07.02.18)

Dat war awer wuel nëmmen mat Kanounen op Spatze geschoss, well no knapps engem halwe Joer war et definitiv mat de gudde Virsätz gedoen.

„Sou chaotesch, wéi de Comité am Moment gefouert gëtt, ass bal net méi ze iwwertreffen. Et ass keng Transparenz am Comité a wann d’Decisioune geholl ginn, huet een ëmmer d’Gefill, datt déi am Virfeld scho kloer waren. Och déi sportlech Leedung klappt net, well hei sinn d’Entscheedunge net koherent mat de Leeschtunge vun de Sportler.“ Sou d’Tamara Schuh (RTL – 13.11.18), déi dann och aus dem Comité Karate demissionéiert huet.

D’Netselektioun vun enger Rei Karatekaen fir d’WM am Oktober 2018 zu Madrid trotzdeem datten si déi sportlech Critèren erfëllt haten, eng Rei Demissiounen am Comité Karate, e Nationaltrainer deen an Zesummenhang mat enger Kläpperei ferm u Credibilitéit verluer huet, an engem Bréif un de President vun der FLAM (10.01.19) fuerderen 14 vun 21 Veräiner Neiwalen…………d’Faass fëllt sech ëmmer méi an et ass nach just eng Fro vun der Zäit wéini datt et definitiv iwwerleeft.

An dann ass do nach déi haaptberufflech hallef Tâche als Directeur Technique déi de Sportsministère der FLAM am Karate accordéiert huet, déi awer ni ausgeschriwwe gouf, well deen aktuellen sportlechen Direkter Jean-Claude Henry des Plaz sollt zougeschoustert kréien. Do ass de Jean-Claude Roob awer elo definitiv zréckgeruddert (Luxemburger Wort – 16.01.19)

„Karate fänkt mat Respekt un a hält mat Héiflechkeet op. Karate léiert Gedold, léiert respektvoll mat anere Mënschen ëmgoen, léiert Récksiicht huelen op sech selwer an op anerer“

Verschidde Memberen aus dem Comité Karate negligéieren einfach d‘Philosophie vun hirer eegener Sportaart. Déi Wäerter déi um Tatami vermëttelt ginn, ginn hannert dem Schreiwdësch einfach an den Tirang geluecht.

„Vill Geschwätz a wéineg Fett mécht moer Zoppen“ Et gëtt héich Zäit datt sech de Comité Karate nees voll a ganz an den Déngscht vun de Veräiner an de Spëtzenathleten stellt.

Et kann dach net sinn datten d’Kimberly Nelting (KC Nidderaanwen) an de Jordan Neves (KC Déifferdeng) net vun der FLAM fir dee wichtegen K1 Premier League Tournoi zu Paräis (25. – 27.01.19), ugemellt goufen, mat der Begrënnung et géif der FLAM un de néidege finanzielle Mëttel feelen. (Luxemburger Wort – 19.01.19) Also goufen déi zwéin Karatekaen vun hire respektive Veräiner ugemellt, déi dann och d’Käschten iwwerhuelen. Gecoacht ginn d’Kimberly an den Jordan vum Leo Salvatore (KC Nidderaanwen) De Nationaltrainer steet net zur Dispositioun…….ma Bravo!!!!

Zanter Joren bréngt de Lëtzebuerger Karate ëmmer nees Athleten vun internationalem Format ervir an zielt ëmmerhin 3 Sportlerinnen vum Joer an senge Reien: Raymonde Moes (1994), Tessy Scholtes (2002) an Jenny Warling (2014)

An elo sinn do Nimm wéi Jenny Warling, Kimberly Nelting, Allison Bernard, Laura Hoffmann oder Jordan Neves, fir nëmmen déi ze ernimmen, déi de Lëtzebuerger Fändel um internationalen Tapis héich halen.

De Comité Karate däerf dës Athleten dach net wéinst interne Klengkricher einfach am Reen stoe loossen en plus wou eng olympesch Première virun der Dier steet.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!