Dem Nico seng Rubrik

Ënnerwee a Richtung asiatesche Kontinent an dat Land vun der Sonn déi opgeet, do wou vum 24. Juli bis den 9. August 2020 déi olympesch Summerspiller organiséiert ginn. Ënnerwee a Richtung Tokyo……… wéi vill Lëtzebuerger Athleten schlussendlech an 18 Méint op der Insel Honshū ukommen steet den Ament nach an de Stären.

1964 war Tokyo schonn eng Kéier Organisateur vun den olympesche Summerspiller, viru 55 Joer ass den COSL mat 12 Athleten an der japanescher Haaptstad ugetrueden. Dat beschte Resultat goung deemools op de Compte vum Charel Sowa, deen am Goen iwwer 50 Kilometer op déi 9. Plaz koum.

An zu Tokyo ass och déi eenzegaarteg Karriär vum Josy Stoffel op en Enn gaangen. Bei senger 5. olympescher Participatioun blesséiert sech de Konschtturner vun Déifferdeng un der Achillessehn, a kënnt trotzdeem nach op déi 104. Plaz.

Op de Spiller vun der XXXII. Olympiad ass awer weder e Lëtzebuerger Marcheur nach e Konschtturner um Depart. Dat war och net 2016 zu Rio de Janeiro de Fall, wou 10 Athleten de Lëtzebuerger Fändel um Zockerhutt héich gehalen hunn. Zwee vu hinnen iessen d’nächst Joer zu Tokyo mat Sécherheet net méi mat de Steebercher, a moins si maachen do Vakanz. De Laurent Carnol (Peking 2008/London 2012/Rio 2016) an de Gilles Muller (London 2012/Rio 2016) hunn dem Héichleeschtungssport definitiv Äddi gesot.

Déi zwéin exemplaresch Héichleeschtungssportler schloen d’Dier awer net hannert sech zou a bleiwen der Lëtzebuerger Sportswelt erhalen. De Gilles Muller gouf elo kierzlech zum Kapitän vun der Davis Cup Equipe ernannt, an de Laurent Carnol schafft am LIHPS (Luxembourg Institute for High Performance in Sports) a bekëmmert sech em déi dual Karriär (Sport a Schoul/Beruff) vun den Athleten, a gëtt esou indirekt an de Projet Olympia mat senger laangfristeger Planung a Preparatioun mat agebonnen.

Leschten Donneschden hat de Lëtzebuerger Olympesche Comité bei senger Kaderrevisioun ganz kloer Tokyo 2020 respektiv Paräis 2024 am A. An ëmmer wann olympesch Spiller virun der Dier stinn mécht den Heinz Thews, zanter 2002 techneschen Direkter beim COSL, seng traditionell Ausso: „Mär hunn e puer ganz waarm Eisen am Feier“. Domadder louch de COSL Guru mat senge schnéiwäissen Hoer a sengem decke Schnutz meeschtens richteg. Athen (10), Peking (13), London (9) a Rio (10), op den olympesche Summerspiller war dee fréieren Lëtzebuerger Dëschtennisnationaltrainer als „Chef de Mission“ bis elo mat am ganzen 42 rout-wäiss-bloen Athleten ënnerwee.
A wéi vill sinn et der dann 2020? Dat hänkt virop vun den Equippen of. Cyclissem, Dëschtennis, Bouschéissen, wann et optimal leeft reest den COSL d’nächst Joer mat 3 Equippen op den asiatesche Kontinent.

Wann ech dann do mol Nimm op d’Käpp setzen da wären dat Bob Jungels, Jempy Drucker, Ben Gastauer oder Alex Kirsch um Velo. Respektiv bei den Dammen d’Christine Majerus an ???. Den zweefachen Olympionik Jeff Henckels, Pit a Joé Klein mam Recurve Bou, a Ni Xia Lin (Sydney 2000/Peking 2008/London 2012/ Rio 2016), Sarah De Nutte an Danielle Konsbrück an Dëschtennis.

Aner Kandidaten fir Tokyo 2020: Vera Hoffmann, Charline Mathias, Bob Bertemes a Charel Grethen (Liichtathletik). Julie Meynen, Raphaël Stacchiotti a Julien Henx (Schwammen). Fabienne Schaus a Sören Nissen (Mountainbike). Jenny Warling a Kimberly Nelting (Karate).

Am Triathlon stinn mat Bob Haller, Gregory Payet an Sefan Zachäus 3 Athleten am Elittekader, déi och ferm vun de 5 olympesche Réng dreemen. Firwat net och e Lyndon Sosa am Trappschéissen, oder d‘Tennisspillerin Mandy Minella als kréinenden Ofschloss vun hirer Karriär? An hunn eis Fechter Lis Fautsch a Flavio Giannotte éieren och olympesche Sushi op hirer Menüskaart stoen?

De Luussert Heinz muss oppassen dass hien sech net bei all deene waarmen Eisen d’Fanger verbrennt. Ma fir seng wahrscheinlech leschte Spiller als Missiounschef (beim Heinz weess een allerdéngs ni) well hien nach eng Kéier mat engem performanten Team glänzen.

E japanescht Spréchwuert seet: « 玉磨がかざれば光なし » ( Wann een den Diamant net schläift, blénkt e net)
Den Heinz huet jo nach e puer Méint Zäit.

Share This

Share this post with your friends!