Dem Nico seng Rubrik

An dobäi schléisst sech de Krees em zwee aussergewéinlech Tennisspiller, déi no enger exemplarescher Profikarriär dem Lëtzebuerger Tennis eppes wëllen erëmginn.

Fir zwee fréier Lëtzebuerger Sportler vum Joer heescht et weider „Game, Set and Match“, allerdéngs net méi um, ma nieft dem Terrain als Kapitän vun der Fed Cup, respektiv der Davis Cup Equipe.

De Gilles Muller trëtt d’Successioun vum Johny Goudenbour un, deen zanter 2013 als Kapitän op der Bänk vun der Lëtzebuerger Davis Cup Equipe soutz, an do virdrun schonn eng Kéier an derselwechter Funktioun tëscht 2000 an 2008 aktiv war.

A rot emol wien am Joer 2000 an der wichtegster Kompetitioun fir Nationalequippen am Härentennis säin éischten Optrëtt gefeiert huet? Ma eben de „Mulles“, dee virun 19 Joer kuerz viru sengem 17. Gebuertsdag bei der 2-3 Defaite géint Irland seng zwee Simplen gewanne konnt. De Gilles Muller huet am Ganzen, Simpel an Dubbel zesummegerechent, 73 Matcher fir Lëtzebuerg am Davis Cup gespillt, an huet der dovunner 56 gewonnen.

An elo well déi fréier Nummer 21 op der Welt (31/07/17) seng Experienz un de Nowuess weider reechen, a setzt op Spiller wéi Ugo Nastasi, Raphael Calzi, Chris Rodesch, Alex Knaff, Tom Diederich, Christophe a Robi Tholl. Wéini dee 35 Joer ale Spiller vun der Spora säin Debut als Davis Cup Kapitän gëtt, hänkt vun de Resultater vun de Partien of, déi di nächst Deeg am Davis Cup gespillt ginn.

Wat hunn d’Anne Kremer an de Gilles Muller ausser enger aussergewéinlecher an erfollegräicher Profikarriär soss nach gemeinsam? Allebéid hunn si zwee Tournoien um WTA, respektiv um ATP Circuit gewonnen. An der Weltranglëscht hat déi mëttlerweil 43 Joer al Spillerin vun der Schéiss et nach e bëssi méi weit gepackt wéi de Mulles. Den 29. Juli 2002 stoung d’Anne Kremer am WTA Ranking op der Plaz 18.

Déi 3fach Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer (1993, 98, 99) huet fir Lëtzebuerg an 20 Joer Fed Cup 128 Matcher gespillt an ass zanter Januar 2013 Kapitän vun der Fed Cup Equipe.

An dëse Weekend huet d’Anne Kremer mat hirer Equipe e grousse Rendezvous am nationalen Tenniszenter zu Esch/Lalleng mam éischten Tour am Fed Cup 2019. Zanter 1972 ass d’FLT am Fed Cup mat dobäi, an et d’ass dann elo fir d’éischte Kéier datt des grouss Kompetitioun fir Dammennationalequippen hei zu Lëtzebuerg op Besuch ass. An dofir wëllen d’FLT Spillerinnen vun hirem Heemrecht profitéieren, fir virun eegenem Public e grousse Coup ze landen.

Vun en Donneschden bis e Samschden streiden sech am CNT 7 Natiounen em déi 1. Plaz an der Europa Afrika Zon 2: Bosnien, Israel, Tunesien, Südafrika, Éisträich, Portugal, a Lëtzebuerg. Moldawien huet sech jo zréckgezunn. Gespillt gëtt an 2 Gruppen (Grupp A – 4 Equippen / Grupp B – 3 Equippen) Déi zwou Éischt aus all Grupp qualifizéieren sech fir d’Halleffinallen. D’Final ass dann fir e Samschden programméiert.

Fir de Fed Cup Rendezvous dëse Weekend huet d’Anne Kremer d’Mandy Minella, d’Eleonora Molinaro, d’Maria Weckerle, d’Claudine Schaul, an d’Laura Correia selektionéiert.

Wéi seet dat Lëtzebuerger Spréchwuert: „Engem Hongeregen ass gutt kachen.“ Besonnesch wann s de zwee Käch hues, déi Anne Kremer a Gilles Muller heeschen. An hongereg Spillerinnen a Spiller ginn der jo och nach e puer hei zu Lëtzebuerg.

Deen éischte Kach steet e Samschden am Kader vum Fed Cup an der CNT Kichen hannert dem Dëppen. Deen zweete Kach doktert nach um Rezept vu senger Zëppchen, déi dann e bëssi méi spéit zerwéiert gëtt.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!