Dem Nico seng Rubrik

Leschte Freiden Owend um 20.30 Auer gouf hien mol einfach esou virun 21.905 Spectateuren an der Opel Arena vu sengem Trainer Sandro Schwarz an dat kaalt Waasser geheit. De Leandro Barreiro huet mat sengen 19 Joer fir d‘éischte Kéier a senger nach jonker Karriär Bundesligaloft ageotemt an dat direkt 90 Minutte laang.

De Lëtzebuerger Nationalspiller mat portugiseschen Originne souz am Kader vum 2. Spilldag an dëser Bundesliga Saison den 1. September d’lescht Joer géint den 1. FC Nürnberg just eng Kéier op der Bänk, gouf allerdéngs net agewiesselt.

5 Méint méi spéit hat dee 6fachen Lëtzebuerger Nationalspiller de Bëseler, wéi säin Trainer Sandro Schwarz, dee ganz grouss Stécker op de Leandro Barreiro hält, him säin éischten Asaz an der Bundesliga annoncéiert huet.

Lëtzebuerger Profien an der däitscher Bundesliga ginn et der just e Grappvoll. De « Spitz » Antoine Kohn war deen éischte rout-wäiss-bloe Fussballspiller, dee sech déisäits der Musel e Numm gemaach huet. Vun 1954 bis 1958 huet dee 15fachen Nationalspiller beim Karlsruher SC gespillt a konnt mam KSC zweemol déi däitsch Coupe gewannen. 1955 am Berliner Olympiastadion mat enger 3-2 Victoire an der Finale géint Schalke an dat Joer drop mat engem 3-1 Succès géint den Hamburger SV mam 3. Goal vum „Spitz“ an der 87. Minutt. Deemools gouf et allerdéngs nach keng Bundesliga, déi eréischt 1963 gegrënnt gouf.

De Nico Braun huet tëscht 1971 an 1973 35 Matcher fir Schalke gespillt, an huet 15 Mol fir déi Kinneksblo getraff. De Roby Langers koum zu Gladbach tëscht 1980 an 1983 dräimol zum Asaz, an de Manuel Cardoni huet fir Bayer Leverkusen (1996-98) ganzer 6 Minutten an der BL gespillt. Deen aktuellen FLF Trainer gouf den 28. August 1996 am Münchener Olympiastadion an der 84. Minutt fir den Erik Meyer agewiesselt.

Deen erfollechsreichsten Lëtzebuerger Spiller am däitschen Profifussball ass bis elo de Jeff Strasser mat am Ganzen 194 Bundesligamatcher fir den FC Kaiserslautern (81 Matcher / 1999 – 2002) respektiv Borussia Mönchengladbach (113 Matcher / 2002 – 2006) 7 Joer an der däitscher Bundesliga, dat ass bis elo Lëtzebuerger Rekord.

De Leandro Barreiro kënnt vläicht eng Kéier un deem „Laangen“ säi Rekord erun, well mat sengen 19 Joer a sengem Talent kuckt dee klenge Mëttelfeldspiller eréischt an déi grouss Fussballwelt.

De „Lëtzebuerger N’Golo Kanté“, wéi den Dan Elvinger hien no sengem éischten Optrëtt an der Nationalequipe den 22. Februar 2018 am Tageblatt genannt huet, ass den 1. Juli 2016 vun Ierpeldeng bei den FSV Mainz gewiesselt. Wuel net déi éischten Fussballadress an Däitschland, ma e Veräin deen 2004 fir d’éischte Kéier zu der däitscher Fussballelite gehéiert, an zanter 2009 déi 1. Bundesliga net méi verlooss huet.

„Mär si just nëmmen ee klenge Fuesveräin“ mat deem Slogan huet den FSV sech an der Zäit selwer gären op den Aarm geholl. Ma déi Mainzer „Fuesboken“ si mëttlerweil am däitsche Fussball gefaart, a stinn no 21 Spilldeeg an der Tabell vun der 1. BL op der 11. Plaz.

„ Motivéiert, intelligent, dynamesch“ , déi Wierder gebraucht de Nationaltrainer Luc Holtz nawell gären wann hien vum Leandro Barreiro schwätzt, deen de 4. November d’lescht Joer säin 1. Profikontrakt beim FSV Mainz ënnerschriwwen huet (bis den 30. Juni 2022).

Seng Bundesliga Première ass wuel resultatsméisseg an d’Box gaangen, ma um Terrain huet huet hien alles anescht wéi enttäuscht. An de Statistiken vum Kicker kann ee noliesen datt de Leandro Barreiro vun deenen 28 Spiller déi bei der Partie Mainz-Leverkusen zum Asaz koumen, mat 12,28 Kilometer un der Spëtzt vun der Lëscht steet wat d’Lafbereetschaft ugeet. Hien hat 39 Ballkontakter, huet 25 Passe geschloen, vun deenen der 14 ukoumen, a huet 75% vu sengen Zweekämpf gewonnen.

A punkto Zweekampf: De Leandro Barreiro geet bei engem Duell an der Loft zesummen mam Julian Baumgartlinger op de Ball. Deen 31 Joer alen Éisträicher, 13 Zentimeter méi grouss wéi de Lëtzebuerger, bleift um Buedem leien. Diagnos: d’Nues gebrach.

Kleng awer alles anescht wéi reng. De Leandro Barreiro huet bei senger Première an der 1. BL direkt Spueren hannerlooss.

„Wien iwwer den Ues kënnt, dee kënnt och iwwer de Schwanz“ (wien dat Schwéiert gepackt huet, dee packt och nach de klenge Rescht).

Dem Leandro Barreiro ass dat ouni Zweiwel fussballeresch zouzetrauen.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!