Dem Nico seng Rubrik

Oder de Bierg eroffueren. Wann ech dat Lëtzebuerger Spréchwuert liicht emmodeléieren sinn ech schonn direkt bei der Famill Osch, déi ëmmer direkt d’Hänn an d’Luucht streckt wann de Bierg rifft. Awer nëmmen dann wa genuch Schnéi drop läit, an d’Schiexoten aus dem Eisléck mat zwee Brieder un de Féiss hirer alpiner Schifreed kënne freie Laf loossen.

Schiexoten an deem Sënn datt de Grand-Duché nu ebe mol keng Schinatioun ass, och wann dëser Deeg dausende vun « Superjhempen » déi franséisch, éisträichesch oder schwäizeresch Alpen onsécher maachen. (Ech gehéieren iwwregens och dozou).

Wat soll ech da maachen, wann ech nu mol gäre Schi fueren, deen héchsten Hiwwel « Kneiff » zu Wilwerdang grad mol 560 Meter huet, an ech net gären zu Amnéville duerch e blechene Rouer mat Konschtschnéi fueren. Da muss ech ee bis zweemol am Joer d’Valisse paken fir de Bierger mat deem wäisse Naass méi no ze kommen.

Schiexoten trëfft op de Numm Osch awer nëmmen deelweis zou wann ee gesäit mat wellechem Opwand a wellechem Seriö des Famill deser Sportaart nogeet Do stécht schonn e bëssi méi dohannert wéi just nëmmen am « Plou » bis béi déi nächsten Schihütt ze rutschen.

Nee lo mol de Geck an den Eck. Net all Lëtzebuerger fiert am « Plou » de Bierg erof, dovunner kann ee sech schonn eleng Joer fir Joer op de nationale Schimeeschterschaften zu Adelboden an der Schwäiz iwwerzeegen.

Bei der Famill Osch, virun allem bei de Gebridder Eric a Gilles kënnt do da nach méi op d’Tapéit.

Den Eric Osch ass 1988 zu Madonna Di Campiglio an Italien op de Juniorweltmeeschterschaften am Super G un den Depart gaangen. Duerno ass hien op 3 Seniorweltmeeschterschaften all Kéiers am Slalom an am Riseslalom ugetrueden. 1993 zu Morioka a Japan, iwwregens zesummen mat sengem Brudder Gilles, 1996 an der Sierra Nevada a Spuenien an 1997 zu Sestrières am Frankreich.

De Gilles Osch, deen wéi virdrun ernimmt eng Kéier op enger WM mat dobäi war, ass de Papp vum Geoffrey an dem Matthieu, déi och schonn op grouss international Rendezvousen zréckkucke kënnen.

Den Geoffrey Osch huet zweemol WM Loft ageotemt. 2013 zu Schladming an Eisträich an 2015 zu Beaver Creek an den USA.

An dann ass do nach dee Jéngsten aus der Famill, deen an der alpiner Familljentraditioun nach e Krack bäileeë konnt. De Matthieu war d’lescht Joer deen eenzege Lëtzebuerger Vertrieder op den olympesche Wanterspiller zu Pyeongchang, 24 Joer nom Marc Girardelli. Dat hat bis dato nach keen Osch gepackt.

Dee 19 Joer ale Olympionik deen d’lescht Joer am Skigymnasium zu Saalfelden seng Première gemaach huet, trainéiert zanterhier an enger privater Trainingsstruktur a war dëser Deeg op e neits bei deene ganz Groussen aus dem internationale Schizirkus mat dobäi. 1 Joer no senger olympescher Première, an e puer Méint no senger Première am Skigymnasium dann elo d’Première op enger WM.

De Matthieu Osch huet zu Are a Schweden souwuel am Riseslalom wéi och am Slalom mussen duerch d’Qualifikatioun, gouf zweemol repechéiert, koum am Riseslalom an der 1. Manche op déi 61. Plaz, an am Slalom war et no 35 Sekonnen fir hien gedoen.

Duerchwuesse Resultater op engem Terrain wou Lëtzebuerg sportlech näischt ze radetten huet. Ma virun deenen Athletinnen an Athleten, déi de Courage an den Idealismus hunn sech op deen Terrain ze woen fir sech an deenen techneschen alpinen Disziplinnen un deene Weltbeschten ze reiwen, zéien ech den Hutt.

Ech konnt mech d’lescht Joer zu Saalfelden dovunner iwwerzeegen wéi de Matthieu Osch Studien an Héichleeschtungssport matenee verbonnen huet, wéi hien geléiert an trainéiert, seng Sportaart a säin olympeschen Dram gelieft huet.

Dat ass keng Vakanz a keen Après-Ski mat Micky Krause, Jürgen Drews an Hoch die Tassen.

Dat ass ganz einfach e Choix vun enger Famill sech fir an am Lëtzebuerger Sport ze engagéieren, wat Respekt an déi néideg Unerkennung verdéngt.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!