Dem Nico seng Rubrik

Deemno a wéi enger Ofkierzung een deem aneren numeresch iwwerleeën ass. D’FLF (féderation luxembourgeoise de football) an d’LFL ( Lëtzebuerger Football Ligue) sollen eigentlech a Saache Lëtzebuerger Veräinsfuttball Hand an Hand goen, doen sech awer schwéier sech d’Hand ze reechen.
D’FLF regruppéiert 114 Veräiner an ass fir dee ganze Lëtzebuerger Futtball zoustänneg ugefaangen bei der BGL Ligue bis erof an déi 3. Divisioun, vun de Senior Dammen an Hären bis erof bei d’Bambinis, net ze vergiessen de Futsal, d’Arbitteren, respektiv déi verschidden FLF Kaderen.
D’LFL, déi 2015 gegrënnt gouf, huet virop als Missioun d’Intressen vun de Veräiner aus der BGL Ligue ze vertrieden.

« L´organisation, la commercialisation et la médiatisation de la BGL Ligue sont les devoirs principaux de la Lëtzebuerger Football Ligue. La LFL a été crée en 2015 et elle se compose de 13 clubs de la BGL Ligue et de 3 clubs de la Promotion d´Honneur. Les devoirs de la LFL sont diversifiés, la LFL est responsable pour la fixation des matches de la BGL Ligue, l´organisation de la BGL Ligue ainsi que la commercialisation et médiatisation de la BGL Ligue. La LFL a comme but de perfectionner et professionnaliser l´enseigne du foot luxembourgeois la BGL Ligue. Avec cet engagement la LFL veille à ce qu´il y a un intéressant et passionnant championnat en BGL Ligue. »

Sou steet um Internetsite vun der LFL ze liesen, wou een sech dann awer schwéier deet erauszefannen, wéi vill Veräiner dann elo der Lëtzebuerger Football Ligue ugehéieren. Op der éischter Säit fënnt een déi 14 Veräiner aus der BGL League a 5 Veräiner aus der Éierepromotioun. Uewen am Text geet dann awer riets vun 13 Veräiner aus der BGl Ligue an 3 Veräiner aus der Éierepromotioun. An et d’ass jo awer och gewosst datt déi Escher Fola an de Progrès vu Nidderkuer d’lescht Joer am Juli der LFL de Réck gedréint hunn wéinst der Transfertpolitik vum F91 Diddeleng. Deen aktuelle Champion huet jo 6 vu senge Spiller op der Escher Grenz geparkt, wat der Konkurrenz vum Escher Gaalgebierg a vu Nidderkuer sauer eropgestouss ass.

Nodeems dat Parken vu Spiller dann elo per FLF Referendum mat grousser Majoritéit reforméiert gouf, schwätzen se an der Forge du Sud vun engem « Anti F91 Referendum » a préiwen op esou e Referendum den FLF Statuten no iwwerhaapt legal ass.

Och den Dino Toppmöller klappt an engem Interview am Quotidien an d’Flilleken, net wéinst der Reform vum Transfertsystem, ma wéinst enger Rëtsch vun anere FLF Quëtschbloderen, déi dem Trainer vum Joer no missten auskuréiert ginn: Déi 7 selektionabel Spiller um Bou, e Spillerbou mat nëmmen 16 amplaz 18 Nimm, déi limitéiert Transferten am Wanter respektiv d’Transfertperiod, wat senger Meenung no eng méi professionell Entwécklung vun de Lëtzebuerger Veräiner bremst.

An hei elei kuck elei, den Trainer vum Champion kritt op eemol Ënnerstëtzung vum sportlechen Direkter vun der Fola, dem Pascal Welter (Quotidien – 21/02/19).

An do kommen ech nees zréck bei d’LFL mat der Fro wéi eng Intressen vu wéi enge Veräiner an der BGL Ligue da Prioritéit hunn? A wéi eng Avantagen d’LFL deene Veräiner ouni déck Portmonnien da verschafe kann? A punkto Kommerzialisatioun vun der BGL Ligue hunn ech déi lescht 4 Joer nach net terribel vill gesinn. Oder dreemen déi Responsabel vun de Veräiner aus der ieweschter Divisioun nach ëmmer vu « Fernsehgelder » bei enger eenzeg privat-ëffentlech-rechtlecher Tëlee hei zu Lëtzebuerg, fir RTL mol esou ze vernennen, wou d’FLF fir eng Futtballemissioun nach bezuele muss. An dëser Emissioun kréien d’Veräiner aus der BGL Ligue awer eng eenzegaarteg Plattform, wou se op sech an hir Sponsoren kënnen opmierksam maachen, a nach mol net all dovunner richteg profitéieren.

An d’Organisatioun vun den zäitversate Matcher fir de Programm méi attraktiv ze maachen? Bis elo net déi grouss Revolutioun, an och net d’Wonnermëttel fir méi Spectateuren op d’Terrainen ze lackelen.

Ech héieren ëmmer nëmme Kritiken vun der LFL un d’Adress vun der FLF, déi jo zum Deel vläicht och berechtegt sinn. Ma ech vermëssen dann awer eng Lëtzebuerger Football Ligue mat enger klorer Linn an engem duerchduechte Konzept. Mat 14 Veräiner aus der BGL Ligue déi sech als Unitéit presentéieren an och als Unitéit hir Doleancen un d’Futtballfederatioun erundroen. Sou laang dat net de Fall ass, huet d’FLF liicht Spill an huet déi puer kleng Feieren, do mol hei an do opflamen, gutt ënner Kontroll.

An elo kennt nach dobäi datt de President a Spriecher vun der LFL, Romain Schumacher säi Mandat un der Spëtzt vun der Football Ligue nidderleet. De President vum F91 huet mol fir deen oder anere Stuerm am Waasserglas gesuergt, huet dobäi awer ze vill F91 geduecht. De Veräin aus der Forge du Sud (Flavio Becca) huet, derniewt och nach vläicht d’Fola (Gérard Lopez) an de Progrès (Fabio Marochi), nu ebe mol enger aner Visioun a virun allem en anere Budget, wéi déi Veräiner, déi d’Iddi vun engem semi-professionelle Futtball hei zu Lëtzebuerg net kënne oder wëlle matdroen.

An ech kommen da nach eng Kéier zréck op den Ufank mat Hand reechen. FLF an LFL sollen sech dach endlech am Interêt vum Lëtzebuerger Veräinsfuttball un een Dësch setzen a verschidde quokeleg Sujeten ausdiskutéieren.

Oder soll d’LFL net einfach an d’FLF kooptéiert ginn mat enger permanenter Vertriedung am Conseil vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun? Sou kann ee besser mateneen amplaz laanschteneen, an déi zwéin Buschtawen sinn dann och mat sech am Rengen.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!