Dem Nico seng Rubrik

Sport fir jiddwereen, net nëmmen fir déi valid Leit, ma och fir déi Leit mat engem kierperlechen Handicap, respektiv déi Leit, déi geeschteg behënnert sinn.

D’Special Olympics, eng amerikanesch „Success Story“, an d’Liewe geruff vum Eunice Kennedy, der Schwëster vum legendären US President JF Kennedy, déi Enn de 50er Joren hirer Roserei Loft gemaach huet. Roserei doriwwer wéi Kanner an erwuesse Leit mat geeschteger Behënnerung an hirem Land behandelt goufen.

1962 huet d‘Eunice Kennedy 34 Kanner a Jugendlecher op hir Maryland Farm zu Timberlawn invitéiert a leet mam „Camp Shriver“ de Grondsteen vun de Special Olympics.

Den 20. Juli 1968 goufen am Soldiers Field zu Chicago déi éischt Spiller fir Special Oympics mat ronn 1.000 Athleten aus den USA a Kanada an 3 Sportaarten organiséiert: Schwammen. Liichtathletik an Hockey. 50 Joer méi spéit, elo am Mäerz, ginn an den Arabeschen Emirater, zu Abu Dhabi, respektiv zu Dubäi, iwwer 7.000 Athleten a 24 Sportaarten un den Depart.

En Dag am Juli 1968 huet fir vill Mënschen d’Welt positiv verännert, andeems Mënschen ee Raum besat hunn, déi am Alldag éischter marginaliséiert ginn. D’Special Olympics regruppéieren hautdesdaags weltwäit iwwer 5 Milliounen Athleten, 1 Millioun Trainer an Betreier, a ronn 100.000 Kompetitiounen am Joer.

Do mattendran e Grupp vun 250 Sportlerinnen a Sportler mat geeschteger Behënnerung, déi hei zu Lëtzebuerg reegelméisseg trainéieren, an dobäi an 13 Sportaarten vun Trainer a Betreier encadréiert ginn.

An e klenge Grupp dovunner vertrëtt déi Lëtzebuerger Faarwen op den 15. Summerspiller vum 14. bis den 21. Mäerz zu Abu Dhabi.

37 Sportlerinnen a Sportler hu sech a Richtung Arabesch Emirater op de Wee gemaach a sinn op 7 Sportaarten verdeelt: Liichtathletik, Basketball, Fussball, Schwammen, Dëschtennis, Tennis a Boccia.

Op dësem Megaevent sti virun allem „Unified Sports“ am Fokus. De President vun de Special Olympics Europa an Eurasien, den David Evangelista hat d’lescht Joer am Juni en Tweet gepost: „Et d’ass elo un der Zäit déi nächst bedeitend Phas vun eisem Mouvement ze lancéieren. Sidd der prett fir d’INCLUSION REVOLUTION.“

Inclusioun, e Wuert mat enger grousser Bedeitung bei de Special Olympics. Déi Sportler mat enger geeschteger Aschränkung trieden souwuel am Training grad wéi och an der Kompetitioun mat engem valide Partner un. Zu Abu Dhabi ass dat aus Lëtzebuerger Siicht de Fall am Basketball an am Dëschtennis. 2015 zu Los Angelos sinn déi Lëtzebuerger Special Olympics am Basket an am Fussball mat gemëschten Equippen ugetrueden.

D’Special Olympics Lëtzebuerg,déi 1979 ënnert dem Numm „ALPAPS – Sport mat Suergekanner“ gegrënnt goufen an dëst Joer hire 40. Gebuertsdag feieren, hunn am Domaine „Unified Sports“ an de 90er Joren Pionéieraarbecht geleescht. 1994 gouf zu Ettelbréck den éischten Fussballtournoi mat gemëschten Equippen an Europa organiséiert.

D’Equippesportaarten sinn dat ideaalt Sprangbriet fir de Gedanken vun der Inclusioun ze fërderen. Hei zu Lëtzebuerg gëtt dee Gedanken am Basket, dem Fussball an dem Dëschtennis vun der Theorie an d’Praxis ëmgesat.

Bei de Special Olympics ginn d’Weltspiller zanter 1975 an deemselwechte 4 Joresrythmus organiséiert wéi d’olympesch Spiller. No de Summerspiller dëst Joer zu Abu Dhabi, geet et da 2021 weider mat de Wanterspiller a Schweden.

A bei dëse Spiller sti net unbedingt d’Performancen an d’Medailen am Mëttelpunkt, wéi den sportlechen Direkter vun de Special Olympics Lëtzebuerg Pierrot Feltgen elo rezent an engem Interview preziséiert huet: „Op de Kompetitiounen vun de Special Olympics ginn et nëmme Finalen. Jiddwer Athlet gëtt fir seng Leeschtungen belount, an de Podium ass grouss genuch fir all de Sportlerinnen an Sportler fir hiren Asaz Merci ze soen.“

2003 hat ech déi grouss Chance zu Dublin eng Kéier op esou Spiller dobäi ze sinn. Et d’ass eng ganz speziell Ambiance, déi spierbar Begeeschterung an Opreegung bei de Sportlerinnen a Sportler ass enorm, an déi Begeeschterung spréngt dann och direkt op den Entourage an de Public iwwer.

Keng Verbassenheet, keen aggressiven Konkurrenzkampf, kee Fuddelen. Ech gouf einfach nëmme matgerappt vun där onmoosseger Liewensfreed déi sech wéi e roude Fuedem duerch déi ganz Kompetitiounen gezu huet.

Een Ament e bëssi genéiert, net richteg wëssen wéi sech vis à vis vun deene Leit behuelen déi anescht sinn, an dofir awer vill manner komplizéiert. Si, mat hirem Handicap, hu mech spiere gelooss dass ech an hirer Welt wëllkomm sinn, dass si net mat Viruerteeler un mech eruntrieden, dass si einfach nëmmen wëllen mat hirer Moyenen Spaass hunn um alldeegleche Liewen wéi mär « normal » Leit och. An dat och weisen.

Du gëss en Deel vun hinnen, du encouragéiers si, du ënnerstëtz si an hire Beméiungen a kriss dofir sou vill vun hinnen zréck well si spieren dass du si akzeptéiers wéi si sinn.

„Champions aren’t made in the gyms. Champions are made from something they have deep inside them: a desire, a dream, a vision.“ (Muhammad Ali)

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!