Dem Nico seng Rubrik

Den Titel vun engem kuerze Comic Film vum däitschen Humorist Loriot, deen 1972 eng éischte Kéier diffuséiert gouf, an deen sech dobäi op e Sketch vum Komiker Wilhelm Bendow an dem Akteur Franz-Otto Krüger baséiert. (1946)

Zwee Spectateuren kucke sech an engem Hippodrome eng Päerdscourse un. Fir ee vun deenen zwéin ass dee Spektakel eng Première.

Den Optakt vun der nationaler Stroossesaison am Lafen huet sech net an engem Hippodrome ofgespillt, ma op der Cloche d’Or. Et ware keng Véier- ma haaptsächlech Zweebeener ënnerwee. Spectateuren haten sech bei deem miserabele Wieder der och e puer verlaf, a fir verschidde Leeferinnen a Leefer war de Postlaf wuel och eng Première.

„Wou lafe se da nëmmen, wou lafe se da nëmmen hin?“ Kuckt een sech de Kalenner vun der FLA un, da kann ee sech dëst Joer des Fro vum Postlaf un bis bei de Silvesterlaf den 31. Dezember net manner wéi 56 Mol stellen. 56 Laf an Trail Rendezvousen iwwer d’Strooss, d’Gewan an duerch d’Bëscher.

Dee Lafboom ass déi lescht Joren hei zu Lëtzebuerg ongebrach, an och 2019 lafen oder schleefe sech Dausenden an Dausenden vu Lafschlappen duerch de Grand-Duché.

Eleng um Postlaf hunn 2.340 Leeferinnen a Leefer d’Arrivée gesinn. De Jonas Kinde huet fir déi 10 Kilometer 31 Minutten an 43 Sekonnen gebraucht. De Johnny Reiffers huet mat sengen 81 Joer no 1 Stonn, 36 Minutten a 35 Sekonnen dee leschten Timber op de Postlaf 2019 gepecht.

An hätt de Péitruss sech mat sengem Gesabbels net grad als Spillverdierwer musse presentéiert, wär den Dräidausender op der Arrivée wuel geknackt ginn.

Ech hat mech dann och fir des „Fréijoerscourse“ ageschriwwen. Wéi ech et du sonndes moies hu musse de Gëtschel an d’Luucht hiewen, an eng Reeschauer no där aner d’Fënster vu menger Schlofkummer maltraitéiert huet, ass meng Motivatioun fir de Postlaf zum Deel mam Reewaasser Baach agaangen.

31 Euro Inscriptioun, dovunner 10 Euro fir den Chip déi s de herno erëm kriss, allez bäiss op d’Zänn an hief dech.

Mam Auto op de Park and Ride Howald, do e bëssi an der Netzt an an der Keelt op d’Navette gewaart, an du gutt schuckelech waarm erop op d’Cloche d’Or bei de Siège vun der Post.

Trotz deem S..wieder war do eppes méi lass. D’Organisateuren haten sech all Méi ginn d’Leeferinnen an d’Leefer bei Laun ze halen. Sou konnt ee sech an deene groussen Halen am Dréchenen, ënnert dem Motto „Fir Iessen a Gedrénks“ ass gesuergt, op den Depart astëmmen.

Dunn eraus an déi laang Lafschlappeschlaang, wou ech mech éischter no hannen orientéieren, well de Kapp vun der Schlaang fir mäin Alter a mäin Trainingsëmfang dach ze séier ass.

Apropos Training. Eigentlech sinn ech sou fréi am Joer voll dran. Eigentlech kéint ech haut perséinlech Beschtzäit lafen, wann ech mech gëschter Owend éischter getässelt hätt, an op der Coupefinall am Basket am 5. Véierel (mathematesch eigentlech onméiglech) manner des brongen isothereche Gedrénks mat deem wäisse Schaum erageschott hätt. Eigentlech lafen ech immens gären. Eigentlech lafen ech méi am Kapp, well ech dach déi eng oder aner Lafunitéit fale loossen well ech keng Loscht hunn.

De Kapp vun der Schlaang huet deen éischte Kilometer scho laang hanneru sech, ir de Schwanz mol sou lues ufänkt mat Wibbelen. Et dauert bis ech op Toure kommen, bis ech mäi Rhythmus fannen. Ech si net dee Séiersten, awer méi séier wéi verschidden anerer, an dofir heescht et ouni ze vill mat den Äerm ze schaffen, respektiv ouni ze drécken an ze stoussen, sech laanscht Grouss a Kleng, laanscht déck an dënn, no vir orientéieren.

Wann ech verschidde Leit viru mär gesinn, an ech well beileiwen kengem op d’Féiss trëppelen, froen ech mech op dat Lafen da wierklech jiddwerengem Spaass mécht. Ech well lo net behaapten dass ech mat mengen 90 Kilo wéi eng Gazell iwwer den Asphalt fiederen. Ma Grimassen, Verrenkungen, weit opgerappte Mënner déi no Loft schnapen, Gekeims a Gekäichs, Lafen muss net unbedéngt ästhetesch sinn.

An awer ass Lafen fir vill Leit eng grouss Erausfuerderung, respektiv kann eng grouss Erausfuerderung ginn.

Wéi schreift den Dr. Hajo Schumacher alias Achim Achilles: „Das Laufen und ich, wir sind wie langjährige Ehepartner. Wir wissen, was wir voneinanderzu erwarten haben. Wir wissen, wo die Grenzen sind. Wir wissen was uns guttut. Wir wissen um die Alternativlosigkeit dieses Miteinander. Wir wissen dass es nicht einfach ist und auch nie sein wird. Deswegen schonen wir uns heute mal.“

Lafen ass u sech einfach, net zäitopwänneg, net deier, du bass an der fräier Natur, an du méchs eppes wats du vu Klengem u kanns. An op esou engem Stroosselaf begéins de Tonne Leit. Dorënner och fréier Gréissten aus dem Sport, wéi de Gilles Muller, mol eng Kéier Nummer 21 op der Welt am Tennis, deen um Postlaf fir déi 10 Kilometer 51 Minutten an 11 Sekonnen gebraucht huet, an zesummen mam fréiere Nationalkeeper am Fussball Marc Oberweis iwwer d’Arrivée gelaf ass.

Oder de fréiere Vëlosprofi Laurent Didier deen ech no menger Arrivée tipp top erausgefiizt bannen an der Hal begéint hunn. Op meng d’Remark hin, hien hätt awer och gutt kéinte matlafen, huet de Laurent gelaacht: „Ech si scho laang ukomm, geduscht, a nees fäerdeg fir fort.“ Säi Chrono: 36 Minutten a 50 Sekonnen, wat déi 34. Plaz bedeit. All Respekt!

„Vull flitt, Fësch schwëmmt, Mënsch leeft.“ (Emil Zatopek)

An deem Sënn. Mär gesinn beim nächste Stroosselaf.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!