Dem Nico seng Rubrik

A géif trotzdeem am léifsten de Mattias Gestranius mat Haut an Hoer a senger Päif ofschlécken.

Bis zur 90. Minutt war d’FLF Formatioun Tabelleleader am Grupp B vun den European Qualifyers. E muskléierten Zweekampf an der Nospillzäit, de Linneriichter hieft de Fändel, de finneschen Arbitter päift. Ech woen mol ze behaapten en „imaginäre“ Feeler vum Dirk Carlson, jiddefalls méi imaginär wéi reell. Do muss den Onparteieschen Fangerspëtzegefill weisen an de Match einfach lafe loossen. Awer net de Mattias Gestranius deen äiskal den ukrainesche Kosacken eng lescht Chance accordéiert.

An esou avancéiert de Gerson Rodrigues zum Protagonist, zur tragescher Figur, an dësem Fussballdrama. De Rastaman, dee leschte Freiden op derselwechter Plaz de Goal vun der Victoire géint Litauen geschoss hat, schéisst oder besser käppt 4 Deeg méi spéit de Goal vun der Victoire fir d’Ukrain.

E Goal fir déi eng, e Goal fir déi aner. Dësen Zeenario ass deem 23 Joer ale Spiller vu Jubilo Iwata wuel e bëssi japanesch virkomm.

De Virtuos um Terrain, dee mat sengen Dribblingen, sengem explosiven Untrëtt, sengem „aus dem Bauch eraus“ Fussball a senge Showeinlagen séier zum Fiffi vum Public avancéiert, an dat och sicht a braucht, um Buedem zerstéiert.

En héichverdéngte Punkt ass wéinst enger finnescher Päif duerch d’Päif.

De Stade Josy Barthel steet ënner Schock. De Jean Asselborn, moies nach als Benelux Ausseminister op Aarbechtsvisitt zu Kiew, huet sech d’Mutz déif an d’Stir gezunn. Den FLF President Paul Philipp brauch eng etlech Minutten fir ze realiséieren, dass seng Equipe viru 4.700 Spectateuren beklaut gouf, a kuckt mat verstengerter Min erof op den Terrain, wou déi Giel-Blo sech an den Äerm leien.

Den Trainer vun der Ukrain Andreï Chevtchenko, dee 90 Minutte laang wéi aus enger Liedchen gekleet beim Terrain stoung, vergësst all Etikett a léisst senger Freed freie Laf wéinst enger knapper Victoire géint dat klengt Lëtzebuerg. E Beweis dofir dass de Ballon d‘Or vun 2004 net méi mat deenen 3 Punkten gerechent hat………Ech muss Eech éierlech soen, ech och net!

De Luc Holtz probéiert virun der Kamera vun RTL direkt nom Match à chaud net ze vill Emotiounen ze weisen. Ma et fält him schwéier, hien ass ugefriess a bannena wullt et. De Nationaltrainer stellt sech wéi ëmmer viru seng Equipe, eng Equipe déi him déi 90 Minutten iwwer enorm Satisfaktioun a Plaiséier ginn huet, déi awer leider net fir hir aussergewéinlech Leeschtung belount gouf.

„Ech wuesst dass se gutt wieren, ech wuesst awer net dass se sou gutt wieren. Dat war vun der Performance hir, sou gutt defensiv wéi och offensiv, kämpferesch, spilleresch, Konterspill, alles. Alles, Alles, d’Maîtrise déi se haten.“

E Luc Holtz dee vu senger Equipe reegelrecht schwäermt, dat war bis elo net oft de Fall.

Dat ass fir mech déi bis elo bescht Nationalequipe an der Geschicht vum Lëtzebuerger Fussball. Jo ech weess, do war den Exploit an der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft 1964, wou Lëtzebuerg Holland eliminéiert, an duerno géint Dänemark d’Sensatioun sou just verpasst huet. Oder d’Qualifikatioun fir d’EM 1996 mat 10 Punkten. Lo kann ee wuel soen, deemols gouf en anere Fussball gespillt.

Wann ech kucken wéi sech den Ament de Maillot mam roude Léiw op der internationaler Fussballbühn presentéiert, dann ass dat wuel net perfekt. Ma fir mat eise bescheidene Moyenen sou en „intelligente“ Fussball ze spillen, do stécht ganz vill Aarbecht dohannert vun enger ganzer Equipe. A wann ech soen vun enger ganzer Equipe heescht dat déi ganz Equipe vun der FLF mat hirer Fussballschoul, mat hirem ganzen Trainerstaff, mat hirem medezinesche Staff, mat hirem administrative Personal.

Ech hu nach haut en Interview an der franséischer Zäitschrëft Le Point mam Trainer vum franséische Weltmeeschter Didier Deschamps geliest, dee seet:

„De Fussball ass komplex. Et d’ass eng Accumulatioun vun techneschen, takteschen, physeschen, psychologeschen, an organisatoreschen Detailer. Déi kollektiv Stäerkt steet ëmmer iwwer der individueller Stäerkt, och wann d’Talent d’Differenz maache kann.“

De Lëtzebuerger Fussball ka ni op e Spillerreservoir zréckgräifen wéi eis franséisch, däitsch oder belsch Noperen. Ma déi positiv Evolutioun vum Lëtzebuerger Fussball mat senge Moyenen spigelt sech elo an der Nationalequipe erëm mat jonken, talentéierten an hongrege Spiller, déi net zécken hiert Gléck am Ausland ze probéieren.

An op deem Niveau léiert een dann och besser mat esou Enttäuschungen wéi géint d’Ukrain ëmzegoen, wann et dann bei der Néierlag bleiwt.

Et huet mär richteg Spaass gemaach géint Litauen respektiv géint d’Ukrain am Stade Josy Barthel ze sëtzen. Ech gi gären d’Nationalequipe kucken, ech sange voller stolz d’Heemecht, ech ka mech als Spectateur honnertprozenteg mat där Equipe identifizéieren, an ech freeë mech elo schonn op de nächste Match vun de roude Léiwen.

„D’Gerechtegkeet huet eng Nues aus Wues“.

D’rout Léiwen krute jo vun den ukrainesche Kosacken a leschter Sekonn eng bluddeg Nues geschloen, kéinten awer um gréngen Dësch de KO dach nach zougesprach kréien.

De Christophe Nadin vum wort.lu huet de Moien des Hypothees als Éischten opgegraff a schreift dass de Junior Moraes vu Chakhtior Donetsk, de Reegelen vun der FIFA no net spillberechtegt war. Hien stäipt sech dobäi op Aussoen vum portugisesche Juge vun der TAS, Nogueira da Rocha. D’Ukrain riskéiert deemno souwuel géint de Portugal grad wéi och géint Lëtzebuerg nodréiglech als Verléierer vum Terrain ze goen.

De Paul Philipp huet RTL confirméiert, dass d’FLF nach haut am Laf vum Dag Protest aleet.

Da vläicht awer eng gëllen amplaz eng bluddeg Nues?……..mol ofwaarden.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!