Dem Nico seng Rubrik

„Eng -Schëpp bäileeën oder en Zant zouleeën- an déi alldeeglech Routine mat abannen.“ Eng vum Bruce Lee senge ville Liewenswäisheeten.

Ech weess net ob d’Jenny Warling soss vill mat enger vun de Legenden vun den asiateschen Kampfsportaarten verbënnt oder Fan vum fréieren „Kung Fu“ Held vum groussen Ecran ass, ma des Philosophie huet sech déi Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer déi lescht 8 Méint wuel zu Häerz geholl.

Genee 216 Deeg no hirem Kräizbandrëss op engem Stage zu Hong Kong stoung déi 24 Joer al Karateka vum KC Walfer op den Europameeschterschaften zu Guadalajara a Spuenien an der Kategorie bis 55 Kilo ganz uewen um Podium.

Europameeschterschaften, eng Kompetitioun déi dem Jenny Warling iergendwéi leien. 2014 kroopt si sech mat grad mol 20 Joer Selwer zu Tampere a Finnland. Dat Joer drop steet d’Jenny Warling op der EM zu Istanbul als 3. mat um Podium.

En onwahrscheinlechen Kraaftakt, deen der Athletin aus dem COSL Elittekader direkt keen esou richteg zougetraut hat. Et wuel alles perfekt geklappt vun der Operatioun den 28. August d’lescht Joer iwwer d’Reeducatioun bis bei hire Comeback den 2. Mäerz dëst Joer zu Salzburg. De medezinesche Staff, hir Trainer, hir Frënn an virun allem och hiert familiäert Ëmfeld, hunn d’Jenny Warling op deem sauere Wee zréck op den Tatami ënnerstëtzt a begleet, wou si déi 5 olympesch Réng agebrannt huet.

An ech denken dass des 5 olympesch Réng am Hannerkapp schonn dofir gesuergt hunn, dass dem Jenny Warling hir Motivatioun a Wëllenskraaft fir no esou enger graver Blessur sou séier nees zréckzekommen, nach méi geklomme sinn.

E Kräizbandrëss an enger „Stop and Go“ Sportaart, wéi ënnert anerem dem Karate, ass bei engem Comeback net esou einfach ewech ze stiechen, an aus dem Kapp eraus ze kréien.

En ähnlechen Trauma huet och d’Tessy Scholtes erlieft, och Vizeeuropameeschterin am Karate a Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer 2002. Kräizbandrëss 2007 op der EM a Norwegen, duerno huet déi fréier Sportzaldotin 15 Méint gebraucht fir nees zréckzekommen, an dat mat Succès. D’Tessy Scholtes ass 2009 am Alter vun 28 Joer zréckgetrueden, dat Joer, wou d’Jenny Warling mam Leeschtungssport ugefaangen huet.

Intressant ass net nëmmen dem Jenny Warling hire sportleche Wee, ma virun allem och wéi si Sport a Schoul matenee kombinéiert huet.

Aus dem Sportlycée um Cents ass et 2013 mat Ofschloss op de Campus Rheinbach vun der „Hochschule Bonn-Rhein-Sieg“ gaangen, wou si e Studium fir naturwëssenschaftlech Forensik ugefaangen huet. Zu Mayen am „Vulkan Budo“ huet d’Karate-Jenny hir 2. sportlech Heemecht fonnt. Ënnert der Regie vum fréiere Vizeweltmeeschter Lukas Grezella huet si sech physesch an technesch weider entwéckelt, ouni dobäi allerdéngs hir Studien ze vernoléissegen.

5 Joer méi spéit huet d’Jenny Warling e Master an analytescher Chimie a Qualitéitssécherung a kritt dofir am November 2018 eng Bourse vun der Fondatioun Josy Barthel, déi jo all Joer eng Sportlerin oder e Sportler, déi oder deen Héichleeschtungssport a postsecondaire Etuden, respektiv Beruffsausbildung mat Succès combinéiert.

Ech war dobäi, wéi d’Jenny Warling wuel mat eng vun hire gréissten sportlechen Enttäuschungen huet mussen astiechen. Op der 1. Editioun vun den europäesche Spiller zu Baku am Aserbaidschan war déi Lëtzebuerger Vertriederin eng vun de groussen Medaillenhoffnungen an hirer Kategorie. Ma d’Karateka vum KC Walfer gëtt no 2 Defaiten an engem Remis leschten an hirer Poule, a gëtt direkt an der Gruppephas eliminéiert.
De Stachel vun dëser Enttäuschung souz déif, ma d’Jenny Warling huet net laang lamentéiert a resolut no vir gekuckt.

An elo 4 Joer méi spéit huet sech déi frësch gebaken Europameeschterin fir déi 2. Editioun vun den europäesche Spiller qualifizéiert, déi vum 21. Juni bis den 30. Juni zu Minsk a Wäissrussland organiséiert ginn. Mat der Opportunitéit virun Aen sech direkt fir Tokyo 2020 ze qualifizéieren, wou Karate fir d’éischte Kéier olympesch ass. Den 3. August 2016 huet den IOC de Karate als 3. asiatesch Kampfsportaart an den olympesche Programm opgeholl.

Den Ticket fir d’Insel Honshu féiert zu Minsk awer nëmmen iwwer déi iewescht Marche um Podium.

All ze vill Méiglechkeeten bidden sech soss net méi, well de Wee iwwer de Ranking vun der WKF, der internationaler Karatefederatioun ass méi wéi beschwéierlech och wann d’Jenny Warling mat hiren 990 Punkten vu Guatalajara zur Nummer 17 op der Welt avancéiert ass.

Ma Olympia hin oder hir, d’Karate-Jenny, wéi se zu Rheinbach genannt gouf, huet mat hiren 24 Joer schonn e wäite Wee hannerun sech. Jonk, fréi ganz uewen mat am Alter vun 20 Joer engem Titel als Vizeeuropameeschter. Duerno si wuel nach Spëtzeresultater nokomm, déi och am Familljen- a Frëndeskrees applaudéiert goufen, awer aus där Bulle eraus oft net an dee richtege Kontext gesat goufen, well si ëmmer un hirem Resultat vun Tampere gemooss gouf. 5 Joer no Selwer op enger EM, an eppes méi wéi 7 Méint no engem Kräizbandrëss dann elo den Europameeschtertitel. Domadder leet d’Jenny Warling d’Lat nees e Krack méi héich, an huet…… nees eng olympesch Visioun.

Wéi seet den 3fachen Olympiagewënner am Schwammen Michael Gross: „ Ich bin der Meinung, dass jeder Mensch eine Vision haben sollte für sein Leben, die ihn emotional berührt. Sportler haben einen ganz großen Vorteil und gleichzeitig dadurch einen Nachteil. Sie können aus ihrer Vision zunächst ein Hobby und dann einen Traumberuf machen. Andererseits ist die Zeit als Sportler kurz. Nach dem Sport haben sie ja noch Jahrzehnte vor sich. Da geht das eigentliche Leben richtig los. Da muss man neue, ganz andere Ziele setzen, was vielen schwerfällt. deswegen ist das soziale Umfeld so wichtig, einen davor zu bewahren, alles auf eine Karte zu setzen. In jungen Jahren stürzt man sich mit all seinem Enthusiasmus in etwas rein. Und wenn der Sport vorbei ist, schaut man sich ganz verwundert um. Man muss sich ganz anders definieren, wesentlich komplexer. »

An dëser Ausso fënnt sech d’Jenny Warling bestëmmt an deem engen oder anere Passage erëm. Bei verschiddene Sätz ass si hirer Zäit awer scho viraus.

Wann de Knéi hält, da geet d’Athletin aus dem COSL Elittekader gestäerkt aus dëser schwéierer Epreuve ervir, an huet nach eng etlech schéin, wa net esou guer hir bescht Joren als Héichleeschtungssportlerin viru sech……. mat als Tromp am Grapp e schouleschen Ofschloss.

A wann dat mat Tokyo net klappt…….déi nächst olympesch Spiller komme bestëmmt.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!