Dem Nico seng Rubrik

Viru laanger Zäit, den 21. Oktober 1950 ass zu Dummeldeng e klenge Jong mat engem Schnurres an enger Beatlesfrisur op d’Welt komm. Deemools huet wuel nach kee vun deene 4 vu Liverpool geschwat, ma de Pol war a punkto Frisur senger Zäit viraus, och wann hien mat Musek net vill um Hutt hat. Deen éiwege Wiichtelchen hat awer séier spatz, dass fir hien déi zukünfteg Musek um Fussballterrain spille géif, och wann de Wee als Profi hien leider ni bis op Liverpool gefouert huet.

Dem Mann vun der Mëtt, ech schwätze reng Fussball, seng Karriär huet zu Beggen ugefaangen, a bei de Wiichtelcher huet hien dann och d’Fussballschong herno definitiv un de Nol gehaangen. Awer nëmmen d’Schong, well de Fussball ass him bis haut um Läpp hänke bliwwen. Fir d’éischt als Nationaltrainer, duerno als President vun der FLF. A géif et e Fussballpoopst, géif de Pol wuel haut am Kleesercherskostüm d’Champion’s League op RTL moderéieren. Well dat mécht hien zanter 13 Joer sou ganz niewebäi, ouni e Frang dofir ze froen.

De Pol huet 54 Mol am Maillot vun der Nationalequipe gespillt, a war 16 Joer laang Nationaltrainer. Deemno kennt hien de Stade Josy Barthel wéi seng eegen Täsch. Eng Täsch déi am Laf vun de Joren ëmmer méi grouss Lächer krut.

A wéi de Pol am Joer 2004 zum Kinnek vum Lëtzebuerger Fussball avancéiert ass, war fir hien kloer : Mäi Vollek brauch e neit Fussballschlass wat iwwer d’Grenzen eraus Luxusbuerg all Éier mécht.

De Fussballverréckten huet sech un där Iddi festgebass, an am Dossier neie Fussballstadion war hien net méi d’Lämmchen, wéi en de Pelz dréit.

Seng Verbassenheet gouf belount. Den 22. November 2008 mécht den deemolege Premier Jean-Claude Juncker déi grouss Annonce : Lëtzebuerg kritt eng nei Fussballarena.

An den deemolege Sportminister Jeannot Krecké leet de 26. Februar 2009 nach eng Schëpp drop : De neie Fussballstadion kënnt op Léiweng. Schlussendlech hat de Jeannot dem Pol awer eng kleng gekréckelt.

D’Politkarrussell kënnt elo a Saachen Fussballstadion sou richteg op Touren. Léiweng an de Jeannot Krecké sinn op eemol net méi aktuell, an den 16. November 2012, gëtt am Regierungsrot decidéiert de Stade Josy Barthel ze renovéieren. Dee neie Sportminister Romain Schneider annoncéiert dee neie Projet, mat am Hannergrond un de politeschen Hiewelen nach ëmmer de Premier Jean-Claude Juncker an de Stater Buergermeeschter Xavier Bettel.

De Kinnek Pol huet sech geduecht : Sch….egal wou mäi Schlass hikënnt, Haaptsaach et gëtt gebaut. An hien huet dann och direkt Pläng vun deem « neien » Stade Josy Barthel op den Dësch geluecht.

De Michel Platini kënnegt säi Besuch un a schwätzt de 25. September 2013, op deen aktuelle Stade Josy Barthel bezunn, vun engem « stade pourri ». Seng Karriär als President vun der UEFA war op eemol grad esou « pourri », wéi och déi vu sengem Homolog vun der FIFA Sepp Blatter. Deen huet iwwregens den 10. September 2003 dee neien FLF Siège zu Monnerech ageweit, a gouf an deem Kontext vun der deemoleger Sportministesch Anne Brasseur mam « Grand Officier de l’Ordre grand-ducal de la Couronne de Chêne » ausgezeechent, fir säin Appui fir déi Lëtzebuerger Fussballfederatioun. Platini a Blatter si mëttlerweil allebéid vum Fussballglobus verschwonnen.

An d’Politkarussell huet zu Lëtzebuerg dann och nees seng Ronne gedréint, de Jean-Claude Juncker huet als Premier dem Xavier Bettel musse Plaz maachen, d’Lydie Polfer huet hire Comeback als Stater Buergermeeschtesch gefeiert, an dem Pol seng Pläng fir säi Schlass op der Areler Strooss verschwanne nees am Tirang.

Well d’Lydie hat a Saache Fussballstadion hiert Polver nach laang net verschoss. Si huet sech mol dat ganzt Areal op der Areler Strooss ugekuckt mam Stade Josy Barthel mat der Sportshal an den Tennisterrainen, de Lokalitéiten vum Service d’Hygiène vun der Stad Lëtzebuerg an de Kasären vun de Stater Beruffspompieren………..Wat entsteet do wäertvollt an onbezuelbart Bauland wann all deen ale Buttek ewechraséiert gëtt.

De 14. Februar 2014 alt nees eng 180 Grad Kéier am Projet Fussballstadion. Dee plënnert dann elo aus der Areler Strooss op d’Cloche d’Or. E komplette Neibau direkt nieft der Autobunn, mat direktem Uschloss un den ëffentlechen Transport.

7 Mécken op ee Schlag huet das « tapferle Schneiderlein » Romain gemengt, dee voller Enthusiasmus ukënnegt dee neie Stadion kéint schonn Enn 2018 fäerdeg sinn. Do war de Romain dach e bëssi zum Opschneider avancéiert.

Dem Kinnek Pol rutscht d’Kroun an d’Stir. Erëm e neie Site. Ma des Kéier gi Neel mat Käpp gemaach, an den 18. September 2017, 8 Joer 9 Méint an 27 Deeg nodeems den deemolege Premier Jean-Claude Juncker gréng Luucht fir e neie Fussballstadion ginn huet, gëtt endlech de Grondsteen vum Pol sengem Schlass geluecht.

De Kinnek Pol ka seng Fussballvasalle berouegen. De Stadion ass am Bau, do geet et elo em e puer Euro méi u Baukäschten, an e puer Méint méi u Bauzäit net méi un. Wat soll de Gäiz!

An ech muss scho soen, wann ech mam Auto vu Leideleng erfort a Richtung Cloche d’Or fueren, ass et schon impressionnant wat meng Guckelcher do ze gesi kréien.

Dem Pol säi Schlass, kee Prunkbau awer och kee Rebbi. Ee klengen, schmocken, funktionellen an einfache Stadion, wou wahrscheinlech vu September 2020 un fir 9.385 Spectateuren Fussball a Rugby gespillt gëtt. An deen da wuel vum drëtte Sportminister, deen un dësem Projet matdoktert, dem Dan Kersch, ageweit gëtt.

An et ass schonn e klenge Luussert äise Pol, well mat e bëssi Chance kritt den FLF Kinnek säi Schlass als Gebuertsdagskaddo presentéiert. D’Aweiung vum neie Fussballstadion op der Cloche d’Or den 21. Oktober 2020….. da nämlech feiert de Pol seng 70 Joer.

An ech freeë mech elo schonn fir hien, well de Pol huet laang genuch op esou ee Gebuertsdagskaddo gewaart.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!