Vum 12. bis den 21. Mäerz ass dat gréisste Sportsevenement vum Joer 2019 an de Vereenegten Arabeschen Emiraten iwwert d’Bühn gaangen. Et ass riets vun de Summerweltspiller vu Special Olympics. 7500 Sportler mat an ouni speziell Besoinen aus 190 verschidde Länner hunn an deene 24 ugebuedene Sportaarten deelgeholl.

Ënnert hinnen och eng Lëtzebuerger Delegatioun. Special Olympics Lëtzebuerg war mat 53 Leit zu Dubai an zu Abu Dhabi vertrueden. 36 Sportler, dovunner 6 valid Partner (well op dëse Spiller grousse Wäert op “Unified Sports”, dem inklusive Sport, geluecht ginn ass) sinn an 7 Sportsdisziplinnen ugetrueden.

Déi éischt zwee Deeg ware fir d’ Testkompetitioune reservéiert, dem sougenannten Divisioning, déi Sportler, no Gender, no Alter awer haaptsächlech no Leeschtung an homoge Finalgruppen andeele sollen. An der Liichtathletik an am Schwammen ass gréisstendeels op dësen Divisioning verzicht ginn, so dass op registréiert Trainingsresultater zeréckgegraff ginn ass. No enger flotter Eröffnungsfeier ass et endlech seriéis ginn an d’Medaile stoungen am Viséier. Fréibire gouf et fir d’Liichtathleten déi schonns um hallwer siwe moies op der Fräizäitinsel Al Hudayriat op de Start vum Semi-Marathon gaange sinn. Keng einfach Affär, well op der 10 Kilometer-Schléif huet ee staarke Wand geblosen. Dëst huet déi 2 Lëtzebuerger Leefer net ofgehale gutt Leeschtungen ofzeruffen. Den Eike Schröder, deen am Oktober säin éischte Marathon zu Frankfurt gelaf war, huet Gold an 1’30”19 gewonnen. An senger Klass koum den Ronny Kontz (2’07”07) op déi gutt 3. Plaz.

Dem Sportsminister Dan Kersch war et virbehalen déi zwou éischt Medailen un d’Lëtzebuerger Sportler ze iwwereechen. An hien hat seng Präsenz an den Emiraten gutt geplangt, well hie war och präsent wéi de François Nassaut am Eenzel am Bocce ganz uewen um Träppche stoung. Den Ufank war gemaach, an och déi nächst Deeg sollten d’Liichtathletik, de Bocce an och den Dëschtennis déi Haaptliferante vun Edelmetall sinn. Am Dubai Police Stadium konnt den Eike Schröder an enger memorabler 3000 Meter Course säin zweet Gold gewannen an de Marc Schiltz op 200 Meter grad wéi iwwer 400 Meter eng Sëlwermedaile feieren. Am Bocce hunn d’Alexa Krier am Eenzel an zesumme mam François Nassaut am Dubbel de Plein gemaach an nach 2 Sëlwermedaillë bäigesteiert. Ganz uewen um Podium stoung och den Unified Dubbel am Dëschtennis. Ongeschloe konnten d’Danièle Jankowoy an déi fréier Nationalspillerin Corinne Bremer eng verdéngte Goldmedaile an Empfang huelen. Awer domadder war déi grouss Medailerécolte nach laang net eriwwer. De Pit Theis an d’Danièle Jankowoy, no enger formidabeler Reaktioun am lëschte Match an enger 0:2 Réckstand op eng 3:2 Victoire, kruten si allenzwee Bronze. Och am Hamdam Sports Complex konnten d’lëtzebuerger Schwemmer mam Sheila Doffing feieren. Iwwert 50 Meter Freistil gouf hatt um Enn mat enger Bronzemedaile belount.

Am Zayed Sports Center koume souwuel den Tennisdubbel mam Yves Logelin a Luc Goedert wéi och d’Fussballteam zu Eieren. Zweemol gouf et eng zousätzlech Bronzemedaille. Am 7aside Fussballturnéier huet déi lëtzebuergesch Equipe no engem schwieregen Depart vu Match zu Match gesteigert a schlussendlech mat engem souveräne 5:0 Erfolleg nach de Sprong op de Podium geschafft. Och am ADNEC, den Ausstellungshale vun Abu Dhabi, huet d’Unified Basketballéquipe missten sech bis zum Schluss gedëllegen irescht déi erhoffte Bronzemedaile geséchert war. Nieft dëse fofzéng Podiumsplaze konnten d’Sportler vu Special Olympics Lëtzebuerg nach weider sechzeng Éiereplaze erreechen. Si kennen all houfreg op hir Leeschtunge sinn. Eng formidabel Schlussfeier huet dëse Megaevent gekréint. Mat ville flotten Erënnerungen a munch neie Frëndschaften sinn all Bedeelegt nees heem komm. Déi nächst international Rendez-Vousen si schonns notéiert mat de Weltwanterspiller 2021 a Schweden an deenen nächste Weltsummerspiller 2023 zu Berlin.

Share This

Share this post with your friends!