Dem Nico seng Rubrik

Liewensgeféierlech ? De Vëlossport ? Ech soe mol einfach esou fir et net ze vill dramatesch duerzestellen: ongeféierlech ass et net.

Dat fänkt schonn als klenge jonke Mënsch un, wann ee sech mat dach e bëssi Skepsis fir d’éischte Kéier un déi Spillsaach eruntaascht. Ech war déi lescht Woch mat mengem Bouf op der belscher Plage an hunn op der Dige vun enger beléifter “Lëtzebuerger “ Vakanzendestinatioun alt nees eng Kéier probéiert him de Vëlo méi no ze bréngen.

Hien an de Vëlo, dat ass nach ëmmer net déi grouss Léift. “ Hal dech riicht – kuck virun dech – du muss drécken – net ze fest bremsen.” A Pang, schonn hat hien sech getässelt. Den Drotiesel eng Kéier kuerz mam Fouss “geheemelt”, e bëssi gemotzt, a weider geet et mam Jabel.

“Duerch d’Fale léieren d’Kanner goen” oder Vëlo fueren. Sou ganz ouni Téitschen geet dat net.

Hei kënnt eis een op der Dige entgéint, deen um a mam Vëlo säi Brout verdéngt. Chutten gehéieren dohier zu sengem Beruffsrisiko, a vun Téitschen kann hien mëttlerweil e Liddchen sangen. Virun 2 Wochen huet et de Jempy Drucker beim belsche Semi-Klassiker Dwars door Vlaanderen zimlech schro erwëscht.

Broch vum 6. Halswirbel a Gehirnerschütterung, deen 32 Joer ale Profi vu Bora-hansgrohe ass trotz dëse schroe Blessuren nach mat engem bloen A dervu komm.

Hien trëppelt e bëssi do wéi e Roboter, well hien déi nächst Wochen Dag a Nuecht ee ganz serréierten Halscorset droe muss. D’Gehirnerschütterung ass nëmme nach eng schlecht Erënnerung, déi Saach mam Halswirbel brauch allerdéngs seng Zäit. Wann de Jempy dat onkamoud Gestell dann endlech ausdoe kann, geet et a Richtung Hamburg an d’Reeducatioun.

Haaptsaach nees ganz gesond ginn, dat ass dem jonke Familljepapp seng éischt Prioritéit, mat am Hannerkapp dach awer schonn d’Suite vun enger Saison, déi bis elo fir de Jempy Drucker alles anescht wéi optimal verlaf ass. An der Preparatioun op déi nei Saison kritt hien eng Operatioun als vergëfte Chrëschtkado ënnert de Beemche geluecht. Eng Chute de 24. Dezember d’lescht Joer am Training mat als Konsequenz e gebrachen Schlësselbeen, wat nees huet mussen zesummegefléckt ginn.

“Clavicula” aus dem Latäin iwwersat “Schlësselchen”, d’Achillesfers vun engem Vëlosprofi. Eng Schank an der Form vun engem S, 12 bis 15 Zentimeter laang, am mënschleche Skelett zweemol erëmzefannen.

Den 30. Dezember 2008 huet dem Jempy seng “Clavicula” schonn eng Kéier musse noginn. Hien gouf direkt nom Depart beim Cyclocross zu Loenhout an der Belsch an eng Chute verwéckelt, a seng Cyclocross Saison war domadder eriwwer.

An op der 3. Etapp vun den Driedaagse van West-Vlaanderen ass dem deemolege Profi vun Accent Jobs-Willems Veranda’s am Mäerz 2012 deeselweschte Malheur nach eng Kéier geschitt.

Wann ech déi lescht Joren op eis Lëtzebuerger Vëlosprofien an hir Chutten zréckkucken, lafe mär nach heiansdo d’Schudderen de Réck erof.

Beispill Frank Schleck am Tour de Suisse 2008. Déi 5. Etapp. Dee fréiere Profi vun CSC war zesummen mam Markus Fothen (Gerolsteiner) ënnerwee a Richtung Arrivée zu Caslano, wou de Maillot Jaune op hien gewaart huet. An der leschter Descente verléiert hien an enger Rietskéier d’Kontroll, a flitt iwwer d’Leitplank de Rampli erof, de futtisse Vëlo bleift op der Strooss leien. No dësem Horrorzeenario steet de Frank Schleck no e puer Minutten op eemol nees uewen op der Strooss. Ausser e puer blo Flecken, näischt geschitt.

Amstel Gold Race 2009. Bei Kilometer 185 läit de Frank am Geulhemmerweg op eemol um Buedem. D’Biller, déi déi hollännesch Tëlee NOS weist. verroden näischt Guddes. Hien gëtt eng hallef Stonn laang op der Plaz behandelt, beweegt sech net, a gëtt dann och nach een Ament mat engem Duch zougedeckt. Entwarnung méi spéit am Dag. Bei engem kompletten Check-Up am Spidol zu Maastricht gi keng schro Blessuren festgestallt.

Och dem Frank Schleck seng “Clavicula” weess etleches ze erzielen. Sou op der 3. Etapp vum Tour de France 2010, wéi hien um Pave fält, an sech d’Schlësselbeen dräimol brécht. An zum Schluss vu senger Karriär nach eng Kéier e Broch vum Schlësselbeen op der Flèche Wallonne 2016.

Säi Brudder Andy fält 2012 am Zäitfueren vum Critérium du Dauphiné a brécht sech d’A….krippchen. Den Tour de France ass doropshin futsch. 2 Joer méi spéit fiert hien säi leschten Tour de France. Chute op der 3. Etapp vu Cambridge op London. De Meniskus, d’Bänner an de Knorpel am rietse Knéi si futti. Dee Jéngsten vun de Gebridder Schleck muss doropshin de Vëlo un de Nol hänken.

An dann erënneren ech mech awer och nach un dem Kim Kirchen seng onglécklech Chute 2009 am Tour duerch Kalifornien. Dee 6fachen Lëtzebuerger Sportler vum Joer wollt op der 4. Etapp eng Reenjackett undoen, déi verwéckelt sech an sengem fiichte Rad. De Kim Kirchen brécht sech dobäi d’Schlësselbeen an dat rietst Schëllerblat.

Oder dat Bild vum Laurent Didier sengem Vëlo, deen bei enger Chute op der 1. Etapp vum Herald Sun Tour an Australien an zwéin Stécker brécht. Dem Laurent selwer geschitt näischt.

“Chute dans le peloton…….” héiert een op d’mannst eng Kéier an enger Course, an och déi aner Lëtzebuerger Profien, déi den Ament nach aktiv sinn, wéi Christine Majerus, Bob Jungels, Ben Gastauer an Alex Kirsch, hunn an hirer Karriär scho méi wéi eng Kéier de Buedem gekësst mat méi oder manner gréissere Boboen.

An eng Chute kann och déidlech ausgoen. Knapps 5 Méint no der Presentatioun vun der Lëtzebuerger Equipe Leopard Trek ass de Wouter Weylandt am Giro d’Italia déidlech verongléckt. Op der 3. Etapp, an der Descente vum Passo del Bocco ass deen 26 Joer ale Equipier vu Frank an Andy Schleck sou schro gefall, dass fir hien all Hëllef ze spéit koum.

Ausseriirdesch, galaktesch……..de Velosport als grouss Show mat spannenden, emotionalen a mouvementéierter Momenter an de Klassiker respektiv den Etappecourssen, wou een Live op der Plaz oder virun der Tëlee matféiwert, matziddert, a mat aus dem Suedel geet.

De Vëlossport awer och als Doudesengel. Och wann een den Däiwel net permanent un d’Mauer mole soll.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!