Dem Nico seng Rubrik

De Grand-Duc Jean war béides. De Sport war eng vu senge grousse Passiounen.

Hien deen als sportleche Staatsmann Reiden, Fechten, Schwammen, Schifueren an Tennis praktizéiert, a sech dernieft fir all méiglech Sportaarten intresséiert huet.

Hien deen als staatleche Sportsmann vun 1946 bis 1998 dat klengt Lëtzebuerg als Member am supranationalen IOC mat Leif a Séil vertrueden huet.

De Prënz Jean gouf de 4. September 1946 zu Lausanne an den Internationalen Olympesche Comité kooptéiert, an huet de 6. Februar 1998 zu Nagano seng Plaz am IOC u säi Fils Henri ofgetrueden.

Den 31. Oktober 1996 gouf de Grand-Duc Jean am Stater Theater feierlech fir seng 50 Joer als IOC Member geéiert a gefeiert an huet virun den Invitéeën e klengen Abléck a seng „olympesch Memoiren“ ginn:
„Je suis entré au CIO essentiellement pour deux raisons. Profondément marqué par le conflit qui avait ensanglanté le monde de 1939 à 1945, j’avais la conviction qu’il fallait agir pour éviter le retour de tels événements. Le sport, et le mouvement olympique en particulier, m’apparaissait comme pouvant suffisamment contribuer à bâtir un monde pacifique et meilleur. Par ailleurs, je considérais, et continue de considérer, que le sport, notamment dans sa plus haute expression, l’Olympisme, grandit l’homme, car il est porteur de valeurs éducatives et morales fondamentales. Durant mes 50 années d’appartenance à l’autorité suprême du mouvement olympique, j’ai été un témoin privilégié de son évolution.”

Den „Johnny“, wéi hien vun der englescher Queen kollegial genannt gouf, war en diskreten Influencer. Dat seet de EU Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker an engem Interview op RTL Tëlee Lëtzebuerg, deen a senger Funktioun als laangjärege Premier de Grand-Duc Jean besser kenne geléiert huet. Seng Disponibilitéit fir jiddwerengem nozelauschteren, seng diskret Manéier fir sech Gehéier ze verschafen, säin Humor, ouni ze zécken sech mol eng Kéier selwer op d’Schëpp ze huelen, all dat ass beim Jean-Claude Juncker hänke bliwwen, a net nëmmen bei him.

Sou gëtt den aktuellen President vum internationalen olympesche Comité Thomas Bach um Site vum IOC zitéiert: « Il a toujours été une personne très calme et équilibrée, très respectée par l’ensemble du Mouvement olympique pour son intégrité. Il a ainsi réussi à modérer des opinions divergentes en de multiples occasions, contribuant grandement à l’unité du CIO. Personnellement, je lui suis très reconnaissant pour tous les conseils et encouragements qu’il m’a donnés en tant que jeune membre du CIO. Le CIO se souviendra toujours de lui avec grand honneur et profond respect. »

Als Respekt an als Unerkennung fir dem Grand-Duc Jean seng Verdéngschter fir déi olympesch Beweegung, ass den olympesche Fändel am Siège vum IOC zu Lausanne dräi Deeg op Hallefmast.

52 Joer Member am IOC, an 21 Joer Éieremember, mam Ofliewen vum Grand-Duc Jean gëtt ouni Zweiwel en olympescht Kapitel zougeschloen.

Ech perséinlech behalen vum Grand-Duc Jean eng Foto zréck, wéi ech him de 5. Juni 1982 am Stade Josy Barthel virun der Final vun der Coupe de Luxembourg tëscht der US Rëmeleng an den Déifferdenger Red Boys d’Hand gedréckt hunn. Fir mech als deemools 20jähregen dach schonn eppes Besonnesches.

A berufflech war ech mam Grand-Duc Jean op de Centennial Games zu Atlanta, seng lescht olympesch Summerspiller als Lëtzebuerger Souverain, an als Member vum IOC.

Jovial, ass dat Wuert dat mär spontan an de Kapp kënnt, wann ech de Grand-Duc Jean viru mär gesinn. An esou behalen ech de sportleche Staatsmann an de staatleche Sportsmann dann och an Erënnerung zréck.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!