Dem Nico seng Rubrik

Aus der belscher „Flandre-Orientale“ an déi franséisch „Lorraine“, de Laurent Jans ass sportlech nach net richteg op senger 2. Statioun a senger Profikarriär ukomm.

Beim FC Metz, „Les Grenats“ mam „Croix de Lorraine“ um Maillot, muss dee 54fachen Nationalspiller och nom assuréieren Opstig säi Kräiz vum Reservist weider op sech huelen, an drop waarden bis säin Trainer him nees endlech eng Chance gëtt.

E „Lëtzebuerger Dram“ am Fussball. Vum FF Norden op den Escher Gaalgebierg, wou hien mat der Fola 2013 de Championstitel feiert, ir et weider geet a Richtung Jupiler League bei Waasland-Beveren.

Do schléit den Éisleker Energiebolzen an wéi eng Bomm. De Laurent Jans avancéiert direkt zum Titulaire. D’Supporter vu Waasland-Beveren appreciéieren seng „éierlech Aarbecht“ am rietse Couloir a wielen hien zweemol zu hirem Spiller vum Joer. An deenen 3 Saisonen am belsche Norden deet de Laurent Jans 108 Mol dee giel-bloe Maillot un. 101 Mol an der Jupiler League, a 7 Mol an der belscher Coupe.

Aner Liga, anere Veräin, aneren Trainer, an der Lorraine bléist fir de Kapitän vun der Lëtzebuerger Nationalequipe ee méi raue Wand. Déi 3 Matcher an der Coupe de la Ligue an déi 4 Matcher an der franséischer Coupe spillt de Laurent Jans alle 7 duerch. An der Ligue 2 dergéint ass dee blonden Wibbel de Wapp net éischte Choix. Bei 34 Championnatsmatcher steet de Laurent Jans 5 Mol 90 Minutten um Terrain, gëtt zweemol aus- an eng Kéier agewiesselt. Seng Spillzäit bis elo an der Ligue 2: 509 Minutten.

Säi leschten Asaz an der 2. franséischer Divisioun geet zréck op de 4. Mäerz, wou hien zu Le Havre 90 Minutten absolvéiert. Duerno léisst de Fréderic Antonetti hien op der Bänk vermuuschten.

Eng bosseg Situatioun. 8 Championnatsmatcher hannerteneen op der Touche ouni eng Minutt ze spillen, do fillt een sech dach schonn e bëssi op d’Schëpp geholl. An dat geet un d’Moral.

Vun deene 8 Matcher huet den FC Metz kee verluer, an d’Equipe huet 3 Matcher viru Schluss vum Championnat den Ticket fir zréck an d’Ligue 1 definitiv validéiert. Eng Erklärung firwat de Laurent beim Fréderic Antonetti net méi zum Zuch kënnt? Oder ass de franséischen Trainer nodroent a denkt nach ëmmer u säi Klengkrich mam Luc Holtz ufanks Oktober 2018, wou deen duerchblécke gelooss huet, datt säi Kapitän beim FC Metz net genuch Spillzäit kritt? Oder wat sinn d’Ursaachen dass de korsesche Déckkapp dee fréieren Titulaire vu Waasland-Beveren zur Héchststrof verdonnert an hien op der Bänk Wuerzele schloe léisst?

Den Trainer als „demokrateschen Diktator“ wéi dee fréieren däitschen Erfollegstrainer Otto Rehagel säin Job mol eng Kéier beschriwwen huet. „Bei mär däerf jiddweree soe wat ECH wëll.“

Den Trainer decidéiert, an esou laang den Erfolleg dem Trainer Recht gëtt, schwätzt keen dem Trainer an de Krom. Och net wéi hien seng Equipe opstellt. An de Fréderic Antonetti huet den Ament zu Metz Erfolleg. A léisst de Laurent Jans, aus wéi enger Ursaach och ëmmer, op der Bänk bludden.

A Propos Otto Rehagel, en Trainer deen ëmmer zu senge Spiller stung, déi hien siche war. An dozou gehéiert och e Lëtzebuerger, dee seng ganz Formatioun beim FC Metz gemaach huet. Wéi de „Kinnek Otto“ de Jeff Strasser 1999 op den Betzenberg gelotst huet, hunn sech der deemools vill gefrot, ech iwwregens och, wat dee „Laangen“, jo net grad e Filigrantechniker, an der 1. däitscher Bundesliga mécht. Den Otto Rehagel war vum Jeff senge Qualitéiten iwwerzeegt, huet him Vertraue geschenkt, huet him déi néideg Spillzäit ginn. Dat huet dem Jeff gehollef sech bei de rouden Däiwelen duerchzebäissen a säi Wee an der 1. däitscher Bundesliga ze maachen.

En aneren Lëtzebuerger Nationalspiller huet de Revers vun der „Trainermedail“ kenne geléiert. De Manuel Cardoni huet vu 1996 bis 1998 säi Gléck zu Leverkusen probéiert. Um Site vu Bayer Leverkusen steet an der Rubrik „Die Einmaligen“ :
„Den Rang eines Exoten nimmt Manuel Cardoni ein, der erste und einzige Fußballer aus Luxemburg, der je für die Leverkusener in der Bundesliga auflief. Cardoni, ein offensiver Mittelfeldspieler mit blendender Technik, aber ausbaufähigem Tempo, kam 1996 von Jeunesse Esch zu Bayer 04, als Christoph Daum Bayer 04 nach dem Fastabstieg in der Saison zuvor übernommen hatte und zu neuer sportlicher Blüte führte. Cardoni vermochte dazu nicht sonderlich viel beizutragen: Ihm waren lediglich sechs Bundesliga-Minuten vergönnt, bei der 2:4-Niederlage bei den Bayern ersetzte er Erik Meijer.“

E Mëttelfeldspiller mat enger Super Technik, dofir war den Erich Ribbeck hien sichen. Du koum de Christophe Daum, deen dem Manuel Cardoni d’Roll vum Matleefer zougeschoustert huet. De Man war net „säi“ Spiller. Wär den Erich Ribbeck zu Leverkusen bliwwen, wär dem Manuel Cardoni seng Karriär als Profi wuel aneschtes verlaf.

2 Lëtzebuerger Beispiller aus dem Profifussball, wou den Trainer, souwuel am Positiven, wéi och am Negativen, seng Muskelen a punkto Spillzäit spille gelooss huet.

De Laurent Jans ass haut an der Haut vun engem Manuel Cardoni, deen drop brennt beim FC Metz déi Lëtzebuerger Traditioun weider ze féieren. Dofir brauch hien awer méi Spillzäit, an virun allem d’Vertrauen vu sengem Trainer.
Kritt hien dann elo nees eng Chance, wou beim FC Metz fir déi nächst Saison sportlech alles kloer ass? A wat geschitt mam Lëtzebuerger Nationalspiller wann sech d’Equipe aus der Lorraine fir déi nächst Saison op „senger“ Positioun weider verstärkt?

Ech wënschen mär, dass de korseschen „Tête de Maure“ dem Laurent Jans endlech déi Plaz zougesteet, déi hien verdéngt. Um Terrain a net op der Bänk.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!