Dem Nico seng Rubrik

„Talent gewënnt Matcher, Equippegeescht an Intelligenz gewanne Meeschterschaften“, sot ee vun deene gréissten Basketballspiller vun allen Zäiten.

En décke roude Ball mat engem Duerchmiesser vu 24 Zentimeter an engem Gewiicht vu 650 Gramm mat den Hänn vu no oder vu weit an e Kuerf katapultéieren, deen en Duerchmiesser vu 45 Zentimeter huet an op enger Héicht vun 3,05 Meter hänkt: dat ass Basketball, eng vun de spektakuläersten an geckegsten Equippesportaarten am Ballimperium.

De gedribbelte Basketball gëtt de Beat un, dozou quiitschen d’Suelen um hëlzene Buedem. D’Spiller, souwuel grouss wéi och kleng, si permanent am Rotéieren a forméieren esou en athletesche Ballet, aus deem déi rout Kugel mat geschéckten an techneschen Handmanipulatiounen a Richtung géigneresche Kuerf geheemelt oder gerubbelt gëtt, wou en da gefillsvoll oder mat Force duerch dee metallene Rank geheit oder gedréckt gëtt.

D’Specateuren, déi de Basketballgladiatoren op deem 28 Meter laangen a 15 Meter breeden Terrain just genuch Plaz loossen fir hiert Spill opzezéien, si gläichzäiteg Chouer an Orchester, wou gejaut, gesongen, getrommelt a musizéiert gëtt.

A wann s de an der Basketszen net esou doheem bass fléien der op eemol sou Wierder oder Expressiounen em d’Oueren wéi Alley oop, Buzzer Beater, Floater, Lay Up, Putbank-Dunk, Shotblock oder Tip-in, wat der dann mol spuenesch ka virkommen.

Gleeft een de Chifferen vun der FIBA, der internationaler Basketballfederatioun, praktizéieren weltwäit 450 Milliounen Mënschen Basketball, dorënner dann och e Grappvoll „Lëtzebuerger“ mat oder ouni Lëtzebuerger Pass.

An déi brénge et scho fäerdeg d’Massen ze mobiliséieren wann et em d’Wurscht geet, an offréieren dofir awer och dem Spectateur sou ganz niewebäi dee néidege Komfort. Ëmmer besser Infrastrukturen, mat enger adequater Buvette wou den Avant- an Après Match kann duerchdiskutéiert ginn, zéien bei engem Showdown wéi „The Best of 5“ em d’Meeschterkroun ëmmer méi neutral Spectateuren un, déi dann och am 5. Véierel mol gären hänke bleiwen.

De sportleche Verléierer am Championnat 2018/19 ass den T71 Diddeleng, deen op der leschter ligne droite souwuel bei den Dammen grad wéi och bei den Hären eidel ausgeet. Zweemol an der Final em d’Meeschterkroun, zweemol näischt ze räissen a näischt ze bäissen…….dat gëllt awer net fir de Caissier.

Mat den Halleffinallen an de Finalen kommen d’Dammen aus der Forge du Sud op 4 Matcher, déi sech am ganzen eng 1.700 Leit ugekuckt hunn.

D’Hären dann vum T71 mat 2 Heemmatcher an den Halleffinallen géint Esch mat 640 respektiv 806 Spectateuren. An dann déi 2 Finalen virun eegenem Public mat 1.000 an 1.300 Spectateuren. Do huet d’Hal Fos Grimler all Kéiers gekacht an an der Caisse huet et ferm gerabbelt.

Ma de frëschgebaakeneChampion Etzella brauch sech mat iwwer 3.200 Spectateuren an hire 4 leschte Matcher och net ze bekloen.

Basket ass einfach speziell well et ni eriwwer ass, an och an deene leschte Sekonnen e Match nach ka gedréint ginn. Am 4. Match vun der Final, hat ech et an der Paus an der Buvette e bëssi méi laang ausgehalen. Zréck an der Hal, gesinn ech datt sech d’Visiteuren eng Avance vu 19 Punkten erausgespillt hunn, bei 15 Minutten, déi nach ze spille bleiwen. Am Fussball gees de beim Stand vu 0-4 bei derselwechter Spillzäit nees zréck an d’Buvette. Hei bleiwen ech mol stoen a gi fir meng „Ausdauer“ belount. Et dauert bis déi lescht Sekonn, ir d’Etzella schliisslech am 4. Match alles kloer mécht.

Keen NBA Niveau. Dat brauch ech och net. Dofir awer flotten a spektakuläre Basket, eng Superambiance, Dramatik bis déi lescht Sekonn, an d’Analys vum Match an der Buvette bis an d’Moiesstonnen eran.

Den T71 tréischt sech mat enger gutt gefëllter Caisse iwwerdeems d’Etzella no 13 Joer Waardezäit mol nees eng Kéier e Championstitel mat op Ettelbréck hëllt. An d’Coupe dann och direkt mat an d’Vitrinn stellt, grad wéi iwwregens och 2006.

Beim Doublé vun dëser Saison vun Ettelbréck souz den Nelson Delgado als Assistent Coach mat op der Bänk, 2006 stoung hien nach als Spiller mat um Terrain. Mat 19 Joer huet de Nelson Delgado mat der Etzella säin 1. Titel gewonnen, nämlech d’Coupe. An der Final géint d’Sparta markéiert hien deen decisive Kierfchen an der Verlängerung.

Ech weess elo net méi wéi ee Match ech deemools op der Tëlee mam Jang Mathes iwwerdroen hunn. Et war jiddefalls eng Finale an den Däichwisen, wou de Pedro Delgado matgespillt huet. Jo, sou hunn ech de Nels nämlech praktesch dee ganze Match iwwer vernannt, bis deen „h…e“ Jang op eemol genëschelt huet: « Dat ass de Nelson Delgado, an net de Pedro Delgado. »

Hei, ech war knapps an der Buvette ukomm, do gouf ech do mat oppenen Äerm empfaangen: „Salut Pedro, de Vëlo steet virun der Dir, da kanns de jo elo mam Vëlo heem fueren!“

De Nels ass trotz mengem klengen verbalen Ausfluch beim Basket bliwwen. An do konnt hien als Spiller mat „senger“ Etzella 11 Titelen feieren. Elo kommen dann déi zwéin éischt als Assistant Coach dobäi, an dee nächsten da vläicht als Trainer.

Där gesitt. Och e „Vëlosprofi“ kann et am Basket zu eppes bréngen.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!