Dem Nico seng Rubrik

«Schleek, Schleek, streck deng 7 Haren eraus, da kriss de Kéis a Brout. A wann s de se net erausstrecks, da bass de no 100 Kilometer dout.»

E Schleek, dee fräiwellech säin Haischen verlooss huet, fir zesummen mat ronn 3.000 Velosverréckter d’Stroossen vun engem klengen Deel vun eisem wonnerschéine Grand-Duché op engem Drotiesel onsécher ze maachen. An deen fir déi 100 Kilometer 4 Stonnen a 25 Minutten gebraucht huet.

Do muss e Schleck iwwer de Schleek dach schonn e bëssi schmunzelen. De Frank ass no senger Karriär nach ëmmer e «Cycloholic» a mécht am Joer op sengem fréieren Aarbechtsgeschir nach em déi 18.000 Kilometer. Net well hien dat muss maachen, ma well dee fréiere Profi dat gär mécht.

Eemol Cyclist, ëmmer Cyclist. Vëlofueren ass ganz einfach eng Passioun. Dovunner konnt ech mech op der 3. Editioun vum Schleck Granfondo op e neits iwwerzeegen. 911 Cyclistinnen a Cyclisten hu sech no 100 Kilometer zu Munneref op der Arrivée presentéiert. Déi 155 Kilometer si 1.565 Cyclotouristen fäerdeg gefuer.

No esou engem Mammutevenement sicht ee meeschtens déi berühmt berüchtegt Nol am Heekoup, wat dann bei der 3. Editioun vum Schleck Granfondo net soll geklappt hunn.

Ech hu gesicht a gesicht, ma ech hu keng fonnt. De Parcours war exzellent markéiert, a virun allem mat grousser Professionalitéit ofgeséchert. Ech weess net wéi vill Weiblein a Männlein mat engem giele Fändel an enger Päif laanscht oder an de Stroossen, respektiv an de Kéieren stoungen, fir d’Cyclotouristen ze guidéieren, a si op méiglech Geforen opmierksam ze maachen. An op den kruzialen Geforepunkten, wou den Autostrafic mat an d’Spill koum, huet d’Poliss dofir gesuergt, dass alles ouni Tëschefäll iwwer d’Bühn gaangen ass.

2 respektiv 3 Ravien jee no Parcours wou et engem u näischt gefeelt huet, an e Granfondo Village, wou de Velosfreak voll op seng Käschte koum an och gehollef krut wann et kuerz virum Depart nach en technesche Pepin gouf.

Ech behaapte mol aus der Siicht vum Schleek, de Schleck Granfondo ass no 3 Editiounen aus de Kannerschong erausgewuess an huet sech an den UCI Granfondo World Series bannent kuerzer Zäit e Numm gemaach.

E Guidon, e Kader, 2 Rieder, e Suedel, eng Ketten, e groussen an e klenge Plateau, en Dérailleur, an 2 Pedallen, du brauchs net vill fir dech midd ze maachen.

Vëlofueren ass esou einfach an onkomplizéiert: D’Gläichgewiicht halen, no vir kucken an an d’Pedallen drécken. Du kriss e Gefill vu Fräiheet an Onofhängegkeet. Déi vollkommen Symbios tëscht Maschinn a Cyclist, déi direkt Iwwersetzung vu Muskelkraaft a Vitess, dat Cabriogefill net nëmmen ronderëm de Kapp, ma um ganze Kierper: De Vëlo huet mech spéit, awer definitiv gepaakt.

Wat elo net heesche well, dass wann de Vëlo mech paakt, ech dann och vum Auto muss gepaakt ginn. Dat geet da meeschtens schif aus.

Fir vill Automobilisten ass de Vëlo op der Strooss e Risikofacteur, well et oft un der néideger Gedold feelt, wann et heescht e Cyclist doubléieren. Jo ech weess, dat gëllt net fir all Automobilist…….an da ginn et och Vëlofuere déi den Autofuerer d’Liewen bewosst schwéier maachen……..Op all Säit ginn et souwuel där enger wéi och där aner.

Vëlofueren ass einfach an onkomplizéiert, awer och ustrengend. Besonnesch wann e Schleek wéi ech nach ni 100 Kilometer an engem Stéck gefuer ass. Dat rësels de net esou einfach aus den Äerm, oder vill méi aus de Been.

«Kettchen, Kettchen, bréng mär nach e Pättchen. Vun der Musel a soss keen. Ei, wéi schmaacht mär dee Kadettchen. D’ass en Dronk fir Broscht a Been.»

Dat Litt ass mär iergendwéi ëmmer nees duerch de Kapp gaangen, wéi ech op mengem Vëlo laanscht d’Musel an d’Wéngerten gebriedert sin. Vum Kettchen war weit a breet näischt ze gesinn. De Pättchen hunn ech duerch Magnesiumwaasser ersat. D’Broscht huet heiansdo ferm gepaff, an d’Been goufen ëmmer méi schwéier.

Et huet scho wéi gedoen, awer positiv wéi gedoen.

«Le cyclisme n’est pas un jeu, c’est un sport. Difficile, dur et impitoyable, et cela demande de grands sacrifices. On joue au football, au tennis ou au hockey. On ne joue pas au cyclisme. » ( Jean de Gribaldy – fréieren franséische Profi an directeur sportif )

An trotz alle Strapazen wäert de Schleek och d’nächst Joer beim Schleck Granfondo nees un den Depart goen. Da mat am Viraus e bëssi méi Kilometer an de Been fir och déi lescht 20 Kilometer op mengem Drotiesel nach sou richteg kënnen ze genéissen.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!