Dem Nico seng Rubrik

De Lëtzebuerger Duo «Colette a Fernand» huet dat Lidd 1965 fir d’éischte Kéier gesongen, a deemools hätt wuel keen jeemools dru geduecht, dass 54 Joer méi spéit d’Hechtercher duerch 16.000 Leeferinnen a Leefer géifen ersat ginn.

«Nach eemol d’Groussgaass op an of, dat ka kee Mënsch hinne verwieren.» Just dass et am Kader vum Nuetsmarathon nëmmen an eng Richtung geet. Eng laang gezunne Schlaang vu verschweesste Kierper a faarwege Lafschlappen uewen um roude Pëtz laanscht dem Lofy säin Hämmelsmarsch-Sprangbur no riets ofbéien.

«Vill schéi Versprieche man, a blënzele mat den An. Sou huet di Zort et nach ëmmer gemaach.»

Déi Zort mécht dat zanter 2006, wou de Marathon fir d’éischte Kéier duerch de Kär vun eiser Haaptstad gelaf gouf. An op der 14. Editioun vum gréisste Lëtzebuerger Sportevent gouf bei deene summerleche Konditiounen dann och vill mat den Aen geblënzelt.

Ee Verspriechen hat ech och gemaach: bei mengem éischte Semi-Marathon einfach nëmmen ukommen. De Chrono ass egal, Haaptsaach no eppes méi wéi 21 Kilometer an d’Hal Nummer 9 vun der Luxexpo-The Box eralafen. Ech hat d’Box dann och definitiv voll, wéi dem Camille Ney seng onverwüstlech Marathon-Stëmm mech no 2 Stonnen 8 Minutten a 44 Sekonnen op der Arrivée empfaangen huet.

All déi Joren, wou ech de Lëtzebuerger Nuetsmarathon fir RTL Tëlee Lëtzebuerg iwwerdroen hunn, an ech gesinn hunn, wéi verschidde Leeferinnen a Leefer gekeimt, gelidden, sech bis an d’Hal 9 geschleeft hunn, hunn ech mär gesot: Wéi kënnen déi sech dat nëmmen undinn. Déi si jo all vum Lämmes gebass.

Abee, de Lämmes krut mech dëst Joer dann och ze paken .

«Huet d’Auer owes sechs geschlon, da gëtt virun der Luxexpo Freed.
Gläich ginn d’Lafschlappen ugedon. A fort op de Parcours et geet.»

Eng Stonn virum Depart. D’Nervositéit klëmmt. Jonk an Al, Grouss a Kleng, Déck an Dënn…….de Gros sicht de Schied, well um 6 Auer sinn et nach ëmmer em déi 28 Grad.

Déi lescht Consignen schalen iwwer de Parking vun der Luxexpo: « Lues ulafen, net ze vill forcéieren am Ufank.» «Laaft äre Rhythmus, loosst Eech net ze vill vum Stroum matrappen.» An dee wichtegste Message: «Drénken, drénken, drénken…..»

7 Bléck A,B,C,D,E, F a G, fir déi sëlleche Leeferinnen a Leefer beim Depart ze kanaliséieren. Ech stinn am Block B, an nom Startschoss dauert et nach gutt 4 Minutten ir ech meng Beenercher sou lues an de Rhythmus bréngen.

Et geet déi éischt Kilometer iwwer de Kierchbierg a Richtung rout Bréck. D’Sonn knallt engem riicht an d’Gladder, net vill Plazen wou de Schiet deem giele Feierball Paroli ka bidden.

Op der rouder Bréck, ass d’Sonn definitiv Här a Meeschter. E Lëtzebuerger Spréchwuert seet: «D’Sonn huet nach kee Bauer vum Feld gedriwwen, awer de Reen.» E bëssi Reen géif elo nawell net schlecht kommen……

Um Enn vun der rouder Bréck sinn ech ganz einfach nëmmen impressionnéiert…..impressionnéiert vun deene sëlleche Spectateuren, déi d’Semi-, an d’Marathonisten empfänken, ufeieren, an einfach nëmme vu Kilometer zu Kilometer weider reechen.

Et geet erop op de Lampertsbierg, wou meng Beenercher sech fir d’éischte Kéier zanter dem Depart manifestéieren. Ma nach huet d’Kommandozentral an der Bëlz d’Soen, an d’Leit laanscht d’Strooss verschafen der dee néidegen Adrenalin.

Ech hat mär deen Oplaf net erwaart. De Lëtzebuerger Nuetsmarathon ass mat dausenden an dausenden vu Spectateuren e grousst Volleksfest. Ech kréie wuel net alles mat, well ech dach oppassen muss wou ech meng Féiss hisetzen.

An dann nëmmen net de Ravi verpassen. An do hunn d’Organisateuren sech net huele gelooss, well wann ech dat richteg notéiert hunn, gëss de no all 2,3 Kilometer gefiddert mat Bananne-, Orangen- a Nougatstécker……..a virun allem mat Waasser, an dat ëmweltgerecht a recyclabel Becheren.

Et geet erof op de Glacis, wou mär duerch en Zirkuszelt lafen, a Richtung Park. Och do Leit, Leit, a nach emol Leit, déi dech encouragéieren, dech ofklatschen, dech mam Numm ruffen……….meng Beenercher si nees am Rhythmus, d’Konditioun ass nach ëmmer do, de Wëllen unzekommen ass ongebrach.

Aus dem Park eraus, eran an de Statkär….. nach méi Spectateuren, eng grandios Ambiance, du gëss vun de Leit gedroen, du leefs wéi op enger Wollek, et deet op eemol näischt méi wéi, d’Middegkeet ass verflunn……..d’Groussgaass, de Knuedler laanscht de Palais……schwaarz vu Leit, bekannt a manner bekannt Gesiichter, déi dech ulaachen, dech ubrëllen…….en Zeenario déi mär een Ament irreell virkënnt.

Wat ass esou e Semi-Marathon dach schéin! Dat Gefill huet ugehalen bis un de Fouss vun der rouder Bréck…………

Dunn ass de Calvaire ugaangen. Déi lescht 5 Kilometer nëmme nach biergop. Net vill awer permanent…….. Ech ginn däitlech méi lues, sinn awer net deen Eenzegen. Vill Leeferinnen a Leefer déi an den Trëppelmodus ëmschalten. Awer och vill Leeferinnen a Leefer déi an dësem saueren Schlussdeel nach en Zant beileeën.

De Papp vum Nuetsmarathon Erich François huet an engem Interview gemengt: «De Lëtzebuerger Nuetsmarathon ass eppes fir Genéisser». Dat gëllt awer beileiwen net méi fir déi lescht 5 Kilometer. Sou hunn ech mol jiddefalls empfonnt.

D’Kommandozentral uewen an der Bëlz krut menge komplett iwwersäierte Beenercher dach nach iergendwéi vermëttelt bis op d’Arrivée duerzehalen, an déi hunn dann och Wuert gehalen.

Eng riseg Satisfaktioun, awer och eng riseg Erliichterung mäin éischten (a wahrscheinlech leschte) Semi-Marathon eenegermoossen anstänneg gepackt ze hunn. An et war schonn en immenst Erliefnis eng Kéier virun esou enger Kuliss, an an esou enger enthusiastescher Ambiance ze lafen.

Den ING Nuetsmarathon gehéiert mëttlerweil zum Patrimoine vun der Stad Lëtzebuerg…….Nee, wat soen ech, zum Patrimoine vun eisem Land. Vun der Envergure, der Logistik, an der Organisatioun hir dat gréissten Sportevent zu Lëtzebuerg, dat ouni den Asaz vun den Servicer vun der Stad Lëtzebuerg, der Poliss, de Sekuristen, a virun allem deene sëllechen Fräiwellegen net kéint organiséiert ginn.

Ech zéien den Hutt virum Benevolat, deen am Orchester vun der Organisatioun vum Lëtzebuerger Nuetsmarathon déi éischt Gei spillt. An och den Erich François weess, dass sech «säi» Marathon ouni Benevolat scho laang dout gelaf hätt.

«Wann s de e Marathon leefs, da leefs de géint d’Distanz, a net géint aner Leefer oder d’Auer» (Haile Gebrselassie)

Bei mengem éischte Semi war dat net vill anescht. A wann ech d’nächst Joer beim ING Nuetsmarathon net méi untrieden sollt, da ginn ech awer mat Sécherheet an de Kär vun eiser Haaptstad d’Leeferinnen an d’Leefer ufeieren.

Ma et brennt awer scho nees ënnert de Féiss (d’Been brenne souwisou nach) fir et eng 2. Kéier nach besser ze maachen.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!