Dem Nico seng Rubrik

Den Dammefussball schwätzt Kloertext. Net nëmmen am Kader vun der 8. WM, déi den Ament bei eisem franséischen Noper organiséiert gëtt, ma virun allem an engem provokanten Video Clip vun der däitscher Nationalequipe, deen 3 Wochen virum Optakt vun der Weltmeeschterschaft publizéiert gouf.

D’Dammen vum DFB verlaangen engersäits méi Opmierksamkeet fir hire Sport a méi Unerkennung fir hir Leeschtungen um Terrain. Anerersäits wëlle si op eng ironesch Manéier Viruerteeler aus dem Wee raumen.

Ee Message vu villen: « Zanter et eis gëtt, trieden mär net nëmmen géint Géigner un, ma virun allem géint Viruerteeler. »

Schonn eleng d’Wuert « Dammefussball » ass schlecht gewielt. Well et d’ass jo keng mannerwäerteg Disziplin am Organigramme Fussball. Fir d’Dammen gëllen déiselwecht Reegelen wéi fir d’Hären. Si spillen zwee Mol 45 Minutten, op deemselwechten Terrain, mat deemselwechten Ball op déiselwecht Goaler.

Alors qu’il ne viendrait à l’esprit de personne de parler de «foot masculin», quand on accole l’adjectif «féminin» tout de suite après football, on induit l’idée que les deux sexes ne jouent pas exactement à la même chose. Ce qui laisse à penser que les Bleues s’adonnent à un sport spécialement conçu pour les femmes, un ersatz de la discipline originale. (Tania de Montaigne – La Libération / 09.06.19)

Firwat gëtt grad am Fussball sou vill iwwer de Verglach tëscht Fra a Mann diskutéiert a polemiséiert, wat an anere Sportaarten net de Fall ass. Ech denken un den Tennis, oder un Equippesportaarten wéi Volley- respektiv Basketball.

Et ginn nu ebe mol nach ëmmer zwou Zorte vu Mënschen : Weiblein a Männlein, och wann een se mëttlerweil chirurgesch esou emmodelléiere kann, dass se ganz no uneneen erukommen……

Vun der Anatomie hir ass et esou, dass de Mann an der Reegel, no der Pubertéit méi Muskelmass opbaut, an doduerch, wuelgemierkt an der Reegel, méi staark, méi athletesch a méi explosiv ass wéi d’Fra. Domadder wëll ech awer beileiwen net behaapten eng Fra wär net explosiv……

Wann ech dat Bild vun den anatomeschen Ënnerscheeder tëscht Fra a Mann dann elo op de Fussball projezéieren, dann ass et jo kloer dass eng Fussballspillerin athletesch net mat engem Fussballspiller mathale kann. Doduerch ass e Match tëscht Fraen net esou intensiv a manner séier.

A punkto Technik, an a punkto Passspill, ginn et fir mech allerdéngs keng Differenzen. Dobäi kënnt, an dat weisen d’Statistiken, dass e Match tëscht Dammenequippen méi flësseg ass, well de Match manner ënnerbrach gëtt. Et gi manner Kontakter, manner Feeler, et gi manner Diskussiounen mam Arbitter, a virun allem gëtt och manner simuléiert. Aneschtes formuléiert: d’Fussballspiller sinn déi besser oder déi méi schlecht Schauspiller.

Elo muss ee jo awer och bedenken, dass bei de Fraen, wa vun héchstem Niveau riets geet, haaptsächlech Semi-Profien um Terrain stinn. Also kënnen si sech a punkto Training a Preparatioun zäitlech net deen Opwand leeschten wéi hir männlech Kollegen. Wat sech de Fussball bei den Dammen méi professionaliséiert, wat déi athletesch Differenz tëscht Spillerinnen a Spiller méi kleng gëtt.

Vum 7. Juni bis de 7. Juli streiden sech am Frankräich 24 Equippen em d’Successioun vun den USA um Weltmeeschtertroun. Ech hu mär den Optaktmatch vun dëser WM tëscht Frankräich a Südkorea ugekuckt. An ech muss soen, ech war net deen Eenzegen. 45.261 Spectateuren am Paräiser Parc des Princes, a 10 Milliounen Leit virun der Tëlee haten déiselwecht Iddi.

A wat ech gesinn hunn, huet mär gefall. Fir d’éischt fussballeresch mat enger franséischer Formatioun déi d’Südkoreanerinnen kloer dominéiert, a sech dobäi an exzellenter Spilllaun presentéiert huet.

An dann hunn ech mär et net huele gelooss d’Spillerinnen och als Fraen ënnert d’Lup ze huelen………Aah, do ass en dann awer, de sexistesche Macho, deen d’Fraen just op hire Kierper, hiert Ausgesinn, hir Weiblechkeet reduzéiert.

Absolute Quatsch! Ech stinn eben op Fraen, an egal wéi eng Sportaart mat Fraen ech mär zesummen mat menger Fra ukucken…….Stopp! Däerf ech iwwerhaapt nach meng Fra soen? Also wann ech mat där Fra, mat där ech bestuet sinn, Sportaarten mat Fraen ukucken, da kann ech hir scho soen wéi eng Sportlerinnen mär vum Ausgesinn hir gefalen, ouni direkt als « gäile Glotzert» dohinner gestallt ze ginn.

Well et funktionéiert jo och an déi aner Richtung. Wa meng Fra mat hirem Mann…….Ah Merde! Dat geet jo och net. Also wa meng Fra mat deem Mann, mat deem si bestuet ass, sech Sportaarten mat Männer ukuckt, da weess si sech schonn auszedrécken, wat hir nieft der sportlecher Leeschtung nach an d’A stécht.

Also an deem Sënn eng gläichberechtegt Diskussioun tëscht gläichberechtegte Partner.

Wat mär awer net esou gefält wann iwwer Fussball geschwat gëtt si Klischeeë: Alles «Mannsweiber» mat Jarreten à la Nico Braun (Sorry Nico, ma ech hunn déi nach an Erënnerung wéis du, als Fin de Carrière, mech als jonke Spunt um Terrain méi wéi eng Kéier stoe gelooss hues.) Ech weess net wou déi sougenannten «Mannsweiber» spillen. Ech hu bis elo jiddefalls nach keng op der WM gesinn.

«Alles Lesben» gëtt oft gesot. An dann? 2015 ass d’Bild ronderëm d’Welt gaangen, wéi d’US Amerikanerin Abby Wambach nom Gewënn vun der Weltmeeschterschaft bei d’Tribün gelaf ass fir hir Fra ze këssen. Do sinn d’Fraen de Männer alt nees e Schratt viraus. Well an der Fussballmännerwelt deet sech de schwule Spiller nach ëmmer enorm schwéier fir sech ze outen.

Unsere Vorbilder, die sind wir längst selbst. Es ist OK. Du musst Dir unsere Gesichter nicht merken…….Nur was wir wollen…..spielen…..unser Spiel, unser Beat (DFB Spillerinnen)

Lesbesch oder heterosexuell, am Fussball stellen d’Fraen scho laang hire Mann…….wat soen ech…..stellen d’Fraen scho laang hir Fra.

An ech kucke ganz einfach gäre Fussball…….Net Fraen- oder Männerfussball……..Nee, einfach nëmme gären flotten, passionanten a spannende Fussball.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!