Dem Nico seng Rubrik

Eppes Ronnes huet hinnen 3 et ugedoen…….De Bob geheit mat enger Bomm vu 7 Kilo ronderëm sech. De Kiki leeft 90 Minutte laang engem lieder Ball no, an de Jeff leeft deemselwechte Ball net méi selwer no, ma „léisst“ lafen.

3 verschidden Typpen, 3 verschidde Charakteren, 3 verschidden Karriären mat engem Markenzeechen: „Let’s make it happen“

Déi lescht Woch huet sech eppes an hirem Liewen verännert. Eng nei Etapp, eng nei Erausfuerderung, eng Confirmatioun vun hirer sportlecher Ausnahmestellung.

An allen 3 mussen se an Zukunft hir Iessgewunnechten ëmstellen. De Jeff tendéiert a Richtung méi defteg Kichen mat „bayrische Weisswürste mit süssem Hausmachersenf und Breze“. De Kiki muss ech un eng Berner Platte gewinnen mat „Wädli, Sauermous, an Dörrbounen“ an de Bob probéiert mat senge klenge Féngercher d’Stäbercher esou ze manipuléieren, dass de „Sushi, Sashimi a Maki“ dann och de Wee tëscht d’Zännercher fannen.

Schonn 2016 hat de Bob Bertemes déi 5 olympesch Réng am Viséier an e puer Wochen um Zockerhutt hätt dem 118 Kilomann vum CA Bieles bestëmmt gutt gefall. Am olympesche Joer konnt de Sportzaldot de Lëtzebuerger Rekord am Freien wuel zweemol, vun 19.88 Meter op 20.14 Meter, verbesseren. Ma fir Rio sollt dat net duergaangen.

3 Joer méi spéit steet de Lëtzebuerger Rekord am Bommstoussen dann elo bei 21.29 Meter. Sou weit huet de Bob Bertemes déi 7.260 Gramm schwéier Bomm den 12. Juni zu Zenica a Bosnien geheit, a bleift domadder em 19 Zentimeter iwwert der Norm, déi d’IAAF, déi international Liichtathletikfederatioun fir déi olympesch Summerspiller 2020 am Kugelstoussen fuerdert.

De Bong fir Tokyo schonn esou fréi gepëtzt, elo kann dee 26 Joer alen Athlet aus dem COSL Elittekader ouni Drock mat de Stäbercher trainéieren. Dobäi kritt hien déi néideg Ënnerstëtzung vu sengem irakeschen Trainer Khalid Alqawati, mat deem hien zanter ronn 2 Joer zesummeschafft. A wann dat mat de Stäbercher net klappt, Haaptsaach d’Bomm flitt d’nächst Joer weit iwwer d’Räisschossel eraus.

Vum Fändel mam roude Punkt, dann elo eriwwer bei de Fändel mam wäisse Kräiz. De Christopher Martins huet mat Bern zanter der leschter Woch eng nei Fussballheemecht. Ech denken net dass dee 35fachen Lëtzebuerger Nationalspiller nëmmen bei „d’Young Boys“ transferéiert gouf, well hien eréischt 22 Joer Joer huet, ma wuel éischter well se beim Schwäizer Champion vu sengen fussballereschen Qualitéiten iwwerzeegt sinn.

Fir 2 Milliounen Euro huet Olympique Lyon de Kiki an d’Schwäizer Haaptstad zéie gelooss. Domadder avancéiert hien zum bis elo deiersten Lëtzebuerger Fussballspiller. Lyon war zanter dem 1. Juli dem Christopher Martins seng 1. Statioun am Ausland. Beim Olympique huet hien 2016 säin éischte Kontrakt als Profi ënnerschriwwen, gouf zweemol an déi 2. franséisch Liga ausgeléint. Fir d’éischt op Bourg-en-Bresse, an duerno op Troyes, wou den 22 Joer ale Mëttelfeldspiller den Opstig an d’Ligue 1 sou just verpasst huet.

Bern, Bern…….dat seet mär dach eppes…..Ah jo, do gouf dach 1954 d’Final vun der Fussballweltmeeschterschaft gespillt tëscht Ungarn an Däitschland, wou den dätschen Outsider d’Magyaren virun 65.000 Spectateuren mat 3-2 geklappt haten.

„Das Wunder von Bern“…..vläicht direkt och an der der 1. Saison fir de Christopher Martins, dee mat sengem neie Veräin an der Champion’s League duerch d’Qualifikatioun muss.

Dee legendären Wankdorfstadion gouf iwwregens 2001 ofgerappt, an duerch den Stade de Suisse ersat, deen 2005 seng Diren opgemaach huet. Dat bedeit wuel eng kleng Ëmstellung fir de Kiki, well am Stade de Suisse gëtt op engem syntheteschen Terrain gespillt.

D’Schwäiz, laang Zäit dat sportlecht Doheem vum Jeff Saibene. Seng Famill wunnt iwwregens nach ëmmer zu Aarau, hien dogéint huet sech berufflech an Däitschland niddergelooss.

No senger éischter Aventure am däitsche Fussball mat Arminia Bielefeld, zitt et dee 50 Joer alen experimentéierten Trainer dann elo vu Nordrhein-Westfalen a Bayern, wou hien beim FC Ingolstadt d‘ (lieder) Box unhuet.

Dee 64fachen fréieren Nationalspiller huet bei deene Schanzer e Kontrakt bis 2021 ënnerschriwwen, mam Optrag den FC Ingolstatdt nees direkt zréck an déi 2. Liga ze féieren. Déi Rout-Schwaarz haten sech jo an d’Relegatioun gerett, goufen do allerdéngs mat 1-2, an 2-3 vum SV Wehen Wiesbaden an déi 3. Liga katapultéiert.

No 3 Statiounen an der Schwäiz (FC Aarau, FC Sankt Gallen, FC Thun) souz de Jeff Saibene vum 20. Mäerz 2017 bis den 10. Dezember 2018 op der Bielefelder Alm op der Trainerbänk. Virun 2 Wochen gouf de Kontrakt mat der Arminia definitiv opgeléist, sou dass de Wee fir dee 50 Joer alen Lëtzebuerger Trainer fräi war, fir sech beim FC Ingolstadt ze engagéieren.

„Entre guimets“ nëmmen 3. Liga, ma bei engem Veräin mat fuschneien Infrastrukturen, dee sech finanziell net schlecht steet, a grouss sportlech Ambitiounen huet.

Vläicht sangen d’Schanzer um Enn vun der Saison grad wéi virun 2 Joer d’Supporter vu Bielefeld: „Oh Pardon. Sind sie der Graf von Luxemburg. Oh Pardon. Sind sie der grosse Mann von Welt.“

De Bob, de Jeff, an de Kiki…..3 Männer vu Welt, deenen ech déi nächst Wochen, Méint, a Joren an der grousser wäiter Welt déi néideg Reussite wënschen.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!