Dem Nico seng Rubrik

Déi grouss al Dam aus dem Tennis, déi 2006 am Alter vu 50 Joer mat engem leschten Grand Slam Titel am Mixe-Dubbel op de US Open d’Tennisrackett definitiv an de Schaf gestallt huet.

Déi grouss al Dam aus dem Dëschtennis heescht Ni Xia Lian, Joergang 1963, déi mat 55 Joer hir Dëschtennisrackett nach all Dag, oder bal all Dag, aus dem Schaf hëlt. Net fir zu Ettelbréck mat hirem Mann an Trainer Tommi Daniellson am Keller e puer Bäll ze spillen, ma fir sech nach ëmmer sech konsequent op hir international Aufgaben ze preparéieren.

Een Datum huet déi “Lëtzebuerger Dëschtennisbomi” (ech weess aus perséinlecher Erfarung dass d’Ni Xia Lian ganz vill Humor huet a si mär net béis ass, wann ech si eng Kéier esou vernennen) an hirem Kalenner vun 2020 ganz deck ënnerstrach.

De 25. Juli 2020…….op deem Dag ginn op den XXXII. Olympesche Summerspiller am Metropolitan Gymnasium zu Tokyo déi éischt Matcher vun den Eenzelkompetitiounen am Dëschtennis gespillt, mam, wa bis dohinner alles riicht leeft, dem Ni Xia Lian hannert deem bloen Dësch.

Zanter hirer Bronzemedail op den europäesche Spiller zu Minsk a Wäissrussland, huet déi Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer 2001, hiren 5. olympeschen Ticket an der Täsch. Sydney 2000, Beijing 2008, London 2012, Rio 2016 an dann elo Tokyo 2020. 5 olympesch Participatiounen bannent 20 Joer, dat ass en olympesche Rekord.

Si avancéiert mat dësem Exploit dann och zum eelsten Athlet, an dësem Fall wuel éischter eelst Athletin, deen oder déi vun der internationaler Dëschtennisfederatioun, der ITTF, fir olympesch Spiller akkreditéiert gëtt.

Den olympeschen Altersrekord gehéiert den Ament nach dem Spuenier He Zhiwen, dee grad wéi d’Ni Xia Lian a China gebuer gouf. Am Alter vu 54 Joer huet de “Juanito”, no den olympesche Spiller e Schlussstréch ënnert seng Karriär gezunn.

D’Ni Xia Lian huet mol eng Kéier an engem Interview gesot: “Den Dëschtennis huet mär vill ginn, huet mär awer och vill geholl.”

Zanter hirem 10. Liewensjoer spillt d’Lénkshännerin Dëschtennis, ass duerch déi haart chinesesch “Ping Pong” Schoul gaangen, a gëtt 1983 op der WM zu Tokyo am Alter vun 19 Joer mat China Equippeweltmeeschters a Weltmeeschter am Mixe-Dubbel.

Zwee Joer méi spéit léiert si de Revers vun der Medail kennen. No interne Problemer an der chinesescher Nationalequipe ass d’Ni Xia Lian sou degoûtéiert, dass si decidéiert dat Spill mam klenge wäisse Ball ganz op der Säit ze loossen. Si huet duerno och ni méi fir China gespillt, a verléisst 1988 den asiatesche Kontinent a Richtung Europa, wou si sech fir d’éischt an Däitschland nidderléisst, fir duerno 1990 definitiv op Lëtzebuerg ze plënneren.

2002 dunn deen zweete grousse Revers an hirer Karriär. Ech ka mech nach gutt un deemools erënneren, wéi d’Ni Xia Lin op enger Pressekonferenz a Präsenz vun der deemoleger Sportministesch Anne Brasseur aus familiäre Grënn dem Dëschtennis eng zweete Kéier Äddi seet.

Déi deemools 39 Joer al Mamm kritt d’Suergerecht fir hiren deemools 11 Joren ale Jong Willy ewechgeholl. Dat huet dem Ni Xia Lian d’Herz gebrach, déi doropshin decidéiert d’Famill dem Dëschtennis virzezéien. Deen Ametn stoung si an der Weltranglëscht op der Plaz 8.

Eréischt 2007 mécht d’Ni Xia Lian e formidabele Comeback, a gewënnt mat 44 Joer op den Europameeschterschaften zu Belgrad Sëlwer am Simpel.

Mëttlerweil lieft déi zweefach Mamm (Willy – 27 Joer / Céline – 16 Joer) fir hir Famill an den Dëschtennis, a kënnt mat deenen 2 Kapen ganz gutt duerch d’Liewen.

D’lescht Joer suergt d’Ni Xia Lian mat engem Weltrekord fir “La Une”. Op den Austrian Open zu Linz geet hire Match géint déi 19 Joer al Honoka Hashimoto iwwer 7 Sätz an dauert 1 Stonn 32 Minutten a 44 Sekonnen. Dee längste Match bis elo an der moderner Dëschtennisgeschicht.

An elo dann mat 55 Joer d’Qualifikatioun fir d’olympesch Summerspiller zu Minsk, eng Nouvelle, déi den Tour duerch d’ganzt Welt gemaach huet.

Eng Spillerin, déi zanter 1991 fir Lëtzebuerg spillt, an hei mat oppenen Äerm opgeholl gouf. Eng Spillerin, déi mat hirem Ausnametalent an deene leschten 28 Joer der FLTT a Lëtzebuerg scho ganz vill erëm ginn huet. Nom Gewënn vun der Bronzemedail zu Minsk gouf d’Ni Scha Linn vun enger däitscher Journalistin no hirem Erfollegrezept gefrot (Tageblatt – 27/06/19). Si äntwert als Patriotin, an als glécklech Familljemamm.

“Ech wunnen an deem beschte Land, an deem mech jiddwereen ënnerstëtzt. Vum Grand-Duc iwwer d’Regierung bis bei meng Federatioun. Dernieft hunn ech zwee formidabel Kanner, déi hirer Mamm ni Misär maachen.”

Déi grouss al Dam aus dem Dëschtennis huet elo genuch Zäit fir sech op hiren leschten ( ? ) olympeschen Rendezvous ze preparéieren. Si huet keen Drock, ka sech andeelen, ka sech hir Tournoien eraus sichen, an huet nieft dem Héichleeschtungssport am preolympesche Joer genuch Zäit fir d’Famill.

Ech kommen fir ofzeschléissen da nach eng Kéier op d’Martina Navratilova zréck : “Ech stoung méi laang um Enn vu menger Karriär, wéi d’Karriär vun deene meeschte Leit iwwerhaapt gedauert huet.”

A wann d’Ni Xia Lian dann iergendwann eng Kéier drun denkt d’Dëschtennisrackett definitiv an de Schaf ze leeën, dann hoffen ech, dass des groussaarteg Athletin mat hirer Experienz, an hirer Professionalitéit der Lëtzebuerger Dëschtennisszen an iergendenger Funktioun erhale bleift.

Share This

Share this post with your friends!