Dem Nico seng Rubrik

Lo strampelen se erëm 3 Woche laang duerch «d’Douce France», och wann déi gréissten Etappecourse vun der Welt alles anescht wéi douce ass. 354 Beenercher, déi an 21 Renndeeg vu Bréissel bis op Paräis 3.480 Kilometer zréckleeën. Oder soe mär mol en Deel dovunner, well jo net allen 354 Beenercher den 28. Juli an der franséischer Haaptstad op de Champs Elysés ukommen.

Den Départ vun der 106. Grande Boucle war zu Bréissel, wou souguer de Manneken Pis vun elauter Opreegung d’Waasser net méi hale konnt. Well hien war scho 1958 Zeien, wéi den Tour de France deemools viru senger Dir lancéiert gouf.

1958…….wien erënnert sech net nach haut gären un déi legendär Schlussvictoire vun eisem «ange de la montagne». Just zwéin Deeg laang hat de Charly Gaul dee giele Maillot op senge Schëlleren, dat ass awer duergaangen fir sech nom François Faber an dem Nicolas Frantz als 3. Lëtzebuerger am Palmarès vum Tour de France ze veréiwegen.

Dee giele Läpp vun der gréisster Etappecourse vun der Welt feiert iwwregens am Kader vun der 106. Editioun vun der Grande Boucle säin 100. Gebuertsdag. An der Revue Nummer 27 hunn ech nogelies, dass an der Geschicht vum TdF 10 Lëtzebuerger Coureuren 95 Deeg laang a giel gefuer sinn.

An dobäi ass mär eréischt bewosst ginn, dass ech als Sportjournalist vun RTL Tëlee Lëtzebuerg 19 Deeg dovunner en direct verfollegt hunn. Ech hat déi grouss Chance mam Kim Kirchen, dem Frank an dem Andy Schleck hir «giel-gëlle» Lëtzebuerger Joren am Tour de France matzëerliewen. An tëscht 2008 an 2011 hunn aus Lëtzebuerger Siicht nieft giel och nach d’Faarwen gréng a wäiss eng Roll gespillt.

Ech fänken awer 2006 un, en Tour de France ouni Maillot aus Lëtzebuerger Siicht, dofir awer mat enger Etappevictoire……..op der legendärer Alpe d’Huez. De Numm vum Frank Schleck steet an der Kéier Nummer 18. Et war eng mythesch Victoire, awer och e mytheschen Owend, well dësen Exploit uewen op der Kopp op «lëtzebuergesch» gefeiert gouf. Deemools hat d’RTL Equipe dee fréieren Rallyepilot Pol Gansen als Chauffer mat an den Tour geholl. Deen aneren Dag huet hien gemengt, hien misst déi 21 Kéieren vun der Alpe à la Walter Röhrl erofbretschen. No der 3. Kéier hunn ech kuerz intervenéiert fir him ze soen: «Entweder du hëls elo de Fouss vum Gas, oder du däerfs herno den Auto botzen.» Doropshin ass et e bëssi méi gemellech erofgaangen.

Grousse Kino dunn 2008, permanent rout-wäiss-blo um Podium wéinst giel-gréng-wäiss. De Kim Kirchen, 4 Deeg laang am Maillot Jaune a 6 Deeg laang als éischte Lëtzebuerger am grénge Maillot. De Frank Schleck zwéin Deeg laang an der gieler Tenue, a säi Brudder Andy als beschte Jonken am Tour, synonym mam wäisse Maillot.

E stressegen awer wuel mat dee schéinsten Tour, deen ech als Sportjournalist couvréiert hunn. Déi 3 Lëtzebuerger Ausnahmeprofien hunn déi Lëtzebuerger Press all Dag mat Storyen gefiddert. En Tour de France an deem net nëmmen den «Trio de Lux(e)» ma och d’Pressevertrieder Vollgas ginn hunn. Mäi Kameramann an ech louche permanent bei de Bussen vun CSC-Saxo Bank an High Road fir eppes gewuer ze ginn, op de Roudeeg wousste de mär net a wéi een Equippen Hoteler fir d’éischt rennen, a mär haten mat eiser Kamera souzesoen eis Stammplaz hannert dem Podium, wann alt nees ee vun deenen 3 Lëtzebuerger Profien e Maillot iwwerreecht krut.

1 Joer méi spéit hëlt den Andy Schleck op e neits de wäisse Maillot mat heem, muss am General allerdéngs dem Alberto Contatdor de Viirtrëtt loossen. Keng Podiumsplaz a kee Maillot fir de Frank, dofir dann awer seng 2. Etappevictoire um Grand Bornand. Den Andy kënnt an där Etapp op déi 3. Plaz. An op der Arrivée hunn d’Gebridder Schleck an hire Papp Johnny ganz labber mam deemolege franséische President Nicolas Sarkozy gepotert.

Grande Boucle 2010. Et fänkt schlecht un mat der Chute vum Frank Schleck op der 3. Etapp, deen sech 3 Mol d’Schlësselbeen brécht. Ech ka mech nach ganz gutt un de Chaos op der Arrivée zu Arenberg erënneren, mat enger Drauf vu Journalisten ronderëm de Bus vum Team Saxo Bank, déi op den Andy gewaart hunn, fir gewuer ze ginn, wéi et dann elo ouni säi Brudder géif weider goen.

Et d’ass exzellent weider gaangen mat 2 Etappevictoiren fir dee Jéngsten vun de Schleckbridder, an den Alpen zu Avoriaz an um Tourmalet. An de Pyrenäen hat sech op e neits de Nicolas Sarkozy ugemellt, deen dem Andy fir seng Victoire am Niwwel gratuléiert huet. An de franséische President ass dann och virum Mikro vun RTL Tëlee Lëtzebuerg stoen bliwwen, wou hien seng Kenntnisser iwwer d’Famill Schleck zum Beschte ginn huet. Mäi Kameramann Erni Klein war esou begeeschtert, dass hien nom Interview mat «Merci mon président» salutéiert huet.

Den Andy Schleck fiert 12 Deeg a giel bis zum dramateschen Tëschefall op der 15. Etapp, wou dem Maillot Jaune d’Ketten erofspréngt, an den Alberto Contador dovunner profitéiert, fir sech dee gielen Trikot sichen ze goen, deen hien jo bekanntlech spéiderhin dem Andy Schleck huet mussen zréckginn.

2 Lëtzebuerger um Podium op de Champs Elysées zu Paräis, mat leider engem Cadel Evans, deen sech tëscht Gebridder Schleck geschlach hat an op der héchster Marche vum Podium stoung. Den Andy Schleck gewënnt säin 3. wäisse Maillot am Tour de France. A sou ganz niewebäi och seng 3. Etapp uewen um Galibier.

An dat net einfach esou. Mat enger Echappéë vun iwwer 60 Kilometer huet den Andy alles riskéiert. A mär stoungen uewen um Galibier ze zidderen an ze rechnen. Laang Zäit war hien virtuelle Maillot Jaune. Ma op de leschte Meter konnt den Thomas Voeckler déi giel Tunique dach nach verdeedegen. Den Andy Schleck huet sech dee giele Maillot deen Dag drop gekroopt, huet en dunn awer no 24 Stonnen nees mussen un de spéidere Gewënner Cadel Evans oftrieden.
19 Deeg laang giel, 6 Deeg laang gréng, 3 Mol de wäisse Maillot am Schlussklassement a 7 Etappevictoiren (dozou gehéieren déi 2 Victoiren 2007 an 2008 vum Kim Kirchen, déi hien nodréiglech um gréngen Dësch zougesprach krut).

Kim Kirchen, Frank an Andy Schleck…..3 Nimm, déi an der Geschicht vum Tour de France fest verankert sinn. A menger berufflecher Geschicht hëlt deen Trio och eng speziell Plaz an. Well mat deenen 3 «Lëtzebuerger Mousquetieren» konnt ech mat déi flottsten Momenter a menger bescheidener Karriär als Sportjournalist erliewen.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!