Dem Nico seng Rubrik

De Grand-Duché läit gréisstendeels am “Summerschlof”. Am Enseignement goufen d’Bänke scho méi laang eropgeklappt, um Gros vun de Schantercher hunn d’Aarbechter d’Piosch an d’Schëpp niddergeluecht, op eise Stroossen weist de Staupegel no ënnen, an der Politszen ass Stëllstand, an déi audiovisuell a d’Printmedien probéieren d’Summerlach sou gutt wéi méiglech ze iwwerbrécken.

An do liwwert de Sport ablécklech déi bescht Storyen, well am Sport ka vu Summerlach keng Riets goen. Virun allem am Fussball lafen d’Qualifikatiounsmatcher an den europäeschen Clubkompetitiounen op Héichtouren, wou mam F91 Diddeleng, dem Progrès Nidderkuer, der Escher Jeunesse, an der Escher Fola 4 FLF Veräiner engagéiert sinn (oder waren).

An de Weekend geet et dann och scho nees lass mam Lëtzebuerger Fussballchampionnat, wann an der BGL League déi éischt Punkten an der Saison 2019/20 verdeelt ginn.

Op individuellem Plang hu verschidde rout-wäiss-blo Athletinnen an Athleten déi lescht Wochen déi kleng Lëtzebuerger Sportswelt an Otem gehalen. Mat virop dem Lis Fautsch, déi et op der Fecht WM zu Budapest an de Véierelsfinallen stoung, an do am Stiechen géint déi spéider Weltmeeschterin Nathalie Moellhausen (Brasilien) eliminéiert gouf. Eng Meeschterleeschtung, déi der 32 Joer aler Sportzaldotin dach ferm eropgestouss ass. Am Stiechen koum et beim Stand vun 11-11 zum “sudden death”, wou dem Lis Fautsch no enger ëmstriddener Decisioun vum Arbitter de Wee a Richtung Halleffinallen verbarrikadéiert gouf. D’Athletin aus dem COSL Elittekader huet sech zu Budapest an Toppform presentéiert a war ganz no un enger Medail drun, déi si hirer Meenung geklaut krut. Eng 7. Plaz op enger WM an e Sprong no vir op d’Plaz 35 an der Weltranglëscht, d’Lis Fautsch léisst déi Lëtzebuerger Fechttraditioun nees opliewen.

Mam Mariette Schmit war 1996 op de Joerhonnertspiller zu Atlanta de Lëtzebuerger Fechtsport fir d’leschte Kéier op olympesche Spiller vertrueden. Deemools war kee Vertrieder vun der FLNS um Depart, well den Alwin Deprins virun 23 Joer vum COSL ausgebremst gouf.

4 Joer méi spéit huet sech déi Lëtzebuerger Schwammfederatioun dunn awer déi 5 olympesch Réng gekroopt, a gëtt se zanterhier net méi aus dem Grapp. An och d’nächst Joer zu Tokyo ass d’FLNS mat Minimum engem Schwëmmer um gréissten Sportevent op der Welt vertrueden.

De Grondsteen heivir gouf op de Weltmeeschterschaften zu Gwangju a Südkorea geluecht, wou nieft dem Sprënger Alain Kohl, 2 Schwëmmerinnen an 3 Schwëmmer un den Depart gaange sinn.

Déi ominéis 2 Minutte Barrière iwwer 200 Meter 4 Nages…….de Raphaël Stacchiotti huet se endlech geknackt. Jorelaang huet dee 27 Joer ale Sportzaldot probéiert dës « Schwammmauer » ze duerchbriechen. 2012 um Euromeet bleift de Chrono iwwer 200 Meter 4 Nages bei 2.00.22 Minutten stoen. 4 Joer méi spéit op den olympesche Spiller zu Rio neie Lëtzebuerger Rekord an 2.00.21 Minutten. An elo dann endlech erof op 1.59.62. Neie Lëtzebuerger Rekord a virun allem d’Qualifikatioun fir Olympia 2020. Zu Beijing 2008 huet dem Raphaël Stacchiotti seng olympesch Aventure ugefaangen. Duerno koumen London a Rio. An Tokyo ass da wuel seng lescht olympesch Statioun.

An da gëtt et jo nach d’Madamm “Honnerstel”. D’Julie Meynen kënnt iwwer 50 Meter Crawl an d’Halleffinallen, bleift fir d’éischte Kéier ënnert de 25 Sekonnen, ma verpasst déi direkt olympesch Qualifikatioun em 1 Honnertstel. Ähnlechen Zeenario iwwer 100 Meter Crawl. Déi 21 Joer al Luxo-Amerikanerin huet bannent engem Mount de Chrono an der Kinneksdisziplin em 65 Honnertstel erofgedréckt, knackt d’55 Sekonne Barrière ……. et feelen awer 6 Honnertstel fir den Ticket fir Tokyo gepëtzt ze kréien.

Dat erënnert dach ganz staark u Rio 2016, wou d’Julie Meynen mat der beschter B-Norm iwwer 50 Meter Crawl dach nach op den olympeschen Zuch opgesprongen ass. Tokyo schéngt wuel an déiselwecht Richtung ze goen, ma d’Schwëmmerin vun der Universitéit vun Auburn ka jo eventuell nach déi nächst Wochen a Méint eng A-Norm realiséieren.

Iwwerhaapt waren déi 18. Schwammweltmeeschterschaften zu Gwangju a Südkorea en exzellente Cru fir d’FLNS mat 7 Lëtzebuerger Rekorder, 8 perséinleche Beschtleeschtungen, 2 Halleffinallen an enger Olympiaqualifikatioun.
Aaaah Schwammen, dat erënnert u Sonn, Mir, Séi, Schwemm, Cocktail, Longrink, Glace, chillen faulenzen, raschten, näischt maachen, sech einfach goe loossen.

An dat maachen ech dann och elo. Ech leeën de Clavier mol bis Enn August an de Tirang. Och hien brauch e bëssi seng Rou no all deenen aussgerwéinleche Lëtzebuerger Leeschtungen an den éischten 7 Méint 2019.

Bis dohinner : Schéi Vakanz, erhuelt Eech a bis geschwënn.

Share This

Share this post with your friends!