Dem Nico seng Rubrik

22 Meter an 22 Zentimeter ……. De Bob Bertemes geheit déi 7.260 Gramm schwéier Bomm a nei „Lëtzebuerger“ Dimensiounen. Den „22Meter Bob“ ass definitiv an der Weltspëtzt ukomm.

21.29 Meter…….Sou weit huet de Bob Bertemes „seng“ Bomm den 12. Juni zu Zenica a Bosnien geheit, a bleift domadder 19 Zentimeter iwwert der Norm, déi d’IAAF, déi international Liichtathletikfederatioun, fir déi olympesch Summerspiller 2020 am Kugelstoussen fuerdert.

2016 stoung d’Norm fir Rio bei 20.50 Meter. Déi huet den Athlet vum CA Bieles virun 3 Joer em 36 Zentimeter verpasst. D’Norm fir Tokyo? Déi huet den 118 Kilomann bannent 53 Deeg net manner wéi 4 Mol iwwerbueden. Well zu Zéisseng huet dee 26 Joer alen Bommstousser aus dem COSL Elittekader nieft dem neie Lëtzebuerger Rekord nach 2 Wërf vun 21.54 Meter respektiv 21.84 Meter realiséiert.

Dass dee 26 Joer alen Athlet aus dem COSL Elittekader säin olympesche Ticket sou fréi gepëtzt krut wierkt sech deemno positiv op d’Suite vu senge Leeschtungen aus. An do gëtt et dës Saison jo nach op d’mannst ee grousse Rendezvous mat de Liichtathletikweltmeeschterschaften vum 27. September bis de 6. Oktober zu Doha am Katar.

Eventuell nach d’Diamond League? Oder den 9. September zu Minsk a Wäissrussland den Duell tëscht Europa an den USA, wéi de Quotidien dat avancéiert?

Ech denken de Bob zerbrécht sech den Ament doriwwer net all ze vill de Kapp a léisst de Laascht ganz einfach kommen. A sengem gewinnten Ëmfeld zu Mannheim wëll hien mat sengem irakeschen Trainer Khalid Alqawati weider a Rou schaffen. Hien brauch sech elo näischt méi ze beweisen, an alles wat elo nach kënnt ass ganz einfach d’Belounung fir all déi Aarbecht, dee Schweess, an déi Kompromësser, déi hien bis elo a seng Karriär investéiert huet.

An ech gi mol dovunner aus dass dem Bob seng Bomm nach wéi eng Kéier aschléit wéi eng Bomm!

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!