Neien Logo, neien Trainer, neien Wand
Kuerz virun Chrëschtdag, mam Auto Richtung Befort duerch den Mëllerdall, Vugelsmillen erop an dat eicht wat een gesäit wann een aus dem Bësch eraus fiert, eng hell beliichten Platz uewen am Duerf, D’Äispist vun Befort.
Den Owend ass en Match, d’Befort Knights wei den Beforter Äishockey Club säit dëser Saison heescht spillt géint Cold Play Sharks vun Mechelen aus der Belsche. Ech well op den Parking fueren mais ech mierken direkt dass dat keen Wäert huet wëll et ass absolut keng Parkplaz ze kréien, ech muss iergendwou laanscht Strooss eng Platz sichen. An genau esou schwéier wei et ass eng Parkplaz ze fannen ass et fir eng Platz op den Tribünen ze kréien fir den Match ze kucken, well d’Knights kommen gutt un bei hiren Fans, all Match ass d’Äispist an den Café voller Leit déi hier Äishockey Cracks gären gewannen gesinn.
Säit elo dräi Joer spillen déi Beforter an der belscher éischter Divisioun, déi zweet héchsten Spillklass vun onsem Nopeschland. Driwwer ass nach just d’BeNe-League wou déi stäerksten Veräiner aus Holland an der Belsche zesummen spillen, eng Semi Professionell Liga déi sécher nach en Krack ze staark as fir d’Beforter. Ma säit dëser Saison ass elo een neien Chef op der Bänk bei den Beforter deen dat ganz anescht gesäit.
Dass seng Knigts den Match géint Sharks mat 5-3 gewonnen hunn no Goler vun Benny Welter, Eric Wambach an Cie, alles bekannten Nimm an der Lëtzebuerger Hockeyszene, ass fir den John Bierchen zwar ganz ok, mais fir hien zielen ganz aner Saachen. Et gesäit een dem grad emol 30 Joer jonken Amerikaner seng Motivatioun an seng Begeeschterung direkt un wann een deen eemolegen Goaly aus Florida freet firwat hien grad op Lëtzebuerg komm ass an wat hien hei well eréischen.
Den John huet Lëtzebuerger Wuerzelen, seng Urgrousselteren sinn deemools fir eng besser Zukunft an d’Land vun den onbegrenzten Méiglechkeeten ausgewandert. Hien huet sech nach ëmmer fir dat Land interesséiert seet hien, vun dem seng Grousselteren him ëmmer gezielt hunn an wou säin Papp an säin Grousspapp och reegelméisseg hin komm sinn.
Just hien war éier hien säin Job als Trainer vun den Befort Knights Enn August ugetrueden huet nach ni op Lëtzebuerger Buedem. An bis elo bereit hien keng Sekonn dass hien hei ass seet hien. Et ass wei en Kulturschock seet hien, awer en positiven. Hei lieft een esou vill méi gesond, d’Iessen hei, d’Ëmwelt. Hien huet deen absoluten an onverkennbaren Optimismus deen si do iwwer eben hunn, dat Selbstvertrauen wat een bei ons Lëtzebuerger esou seelen gesäit, an genau dat ass et wat hien hei wëllt änneren. Wei weit een kann kommen wann een un sech gleeft, haart schafft an alles Méigleches duerfir mécht, « Think Big » eben …
Seng Methoden sinn anescht, et gëtt beim John keen Best Player » awer no all Match gëtt d’Schëld an d’Schwäert un déi zwee Spiller verginn déi genau dat verdéngt hunn, genau dat ëmgesat hunn wat hien vun hinnen erwaart huet. D’Schëld fir deen deen ouni Angscht an mat vollem Ansaatz Schëss ofgeblockt huet, net gefährt fir den haarden Puck ofzekréien egal wei schnell dass en geschoss gouf an egal wei grouss den Géigner war. D’Schwäert fir deen deen no vir gekämpft huet, deen ëmmer erëm probéiert huet den Géigner no hannen ze drécken. Dat sinn net déi Spiller déi villäicht déi meeschten Goaler schéissen oder déi meescht Assisten maachen. Net déi déi dat meeschten Talent hunn an der Equipe oder déi elo schonn déi « Bescht » sinn, awer déi déi schaffen an déi wëllen iergend wann Bescht ginn. An wann een vum Äis kennt an en seet dem John dass en sech den Fanger verstaucht huet dann seet hien ma du hues jo nach néng aner Fangeren wou ass den Problem …
Et fält op dass den John méi wei et villäicht den Zuschauer well gesinn déi jonk an onerfueren Spiller Äiszäit , an si all spillen léist, net een bleift op der Bänk. Jiddereen kritt seng Chance sech ze beweisen. Hien motivéiert, net frustréiert d’Spiller, säin Ziel ass net kuerzfristeg mais op déi nächst Joer ausgeriicht erzielt hien ons. Hien well an d’BeNe Ligue mat Befort, iergend wann, mais net nëmmen dat.
Den Amerikaner huet nach aner Zieler, elo wou hien säit kuerzem als Assistent Coach vun der Senior Nationalmannschaft ernannt ginn ass, dat op der Säit vum Head Coach Petr Fical deen ons Nationalmannschaft jo schonn eng kéier an déi zweet Divisoun bruecht huet.
Fir den John gëtt et keng Excuse, et gëtt keen « mir sinn awer nëmmen déi kleng Lëtzebuerger » an mir sinn keng Profien. Hien seet ma ech sinn och en Lëtzebuerger, firwat denken ech dann anescht, firwat weess ech dass mir dat packen an dir mengt et net.
Fir den John ass dat alles am Kapp an dat wëllt hien änneren. Den Petr Fical, deen ausser dem Head Coach vun der Nationalequipe och Chef vun Tornado Lëtzebuerg ass, an hien géifen sech perfekt ergänzen. Den Petr deen selwer fir déi däitsch Nationalequipe an op der Olympiade fir Däitschland gespillt huet mat senger Erfarung an hien, den John mat sengem absoluten Wellen an sengen Methoden wëllen d’Senior Nationalequipe wäit no vir bréngen.
Och déi nei gegrënnten U18 Nationalequipe déi vum Petr Fical an vum Robert Beran gefouert ginn an nächsten Abrëll zu Kapstadt an Süd-Afrika an der U18 WM vun der 3ter Divisioun deel huelen sollen en gudden « Cru » sinn an d’Senioren geschwënn verstäerken an weider no vir bréngen. Klengt alles vill ze schéin fir wouer ze sinn an dat ass alles vill méi einfach gesot wei gemaach denken mir elo… mir Lëtzebuerger.