Dem Nico seng Rubrik

« Brout a Spiller » en Ausdrock vum réimeschen Dichter Juvenal, deen haut ënnert anerem nach dofir steet, dass politesch Souverainen d’Vollek mat Walkaddoen oder pompéis inszeenéierten Evenementer vu wirtschaftlechen oder politesche Problemer oflenken.

An da sinn ech schonn ouni grouss Ëmweeër direkt bei den « European Games » déi 2015 fir d’éischte Kéier zu Baku am Aserbaidschan iwwer d’Bühn gaange sinn. Spiller mat olympeschem Charakter, déi am 4 Joresrythmus organiséiert ginn. D’Iddi vun esou kontinentale Spiller ass op der Mëscht vun den europäeschen olympesche Komiteeën gewuess, als europäesche Pendant zu den Asien-, Afrika- de Commonwealth, respektiv de panamerikanesche Spiller. Just dass des Spiller schonn eng laang Traditioun hunn, an déi europäesch Spiller nach an de Kannerschong stiechen.

Vum 12. bis den 28. Juni 2015 sinn zu Baku ronn 6.000 Athleten aus 50 Natiounen an 20 Sportaarten un den Depart gaangen, dorënner och 19 Lëtzebuerger Vertrieder. Dobäi koum nach eng relativ grouss Delegatioun vun der FLA, well zu Baku am Kader vun den European Games d’European Team Championships aus der 3. Divisioun organiséiert goufen.

An da si mär dann och schonn direkt beim sportleche Mëssel. Europäesch Spiller, déi iwwer de Knéi gebrach goufen, wou déi grouss olympesch Sportaarten wéi Schwammen a Liichtathletik nëmmen mat der 2. oder 3. Garde vertruede waren, schonn eleng dowéinst well de Kalenner an deenen 2 Sportaarten einfach ze voll ass.

Déi europäesch Schwammfederatioun, déi viru 4 Joer d’Junioren op Baku geschéckt hat, huet fir déi 2. Editioun ganz ofgesot, well et fir d’LEN onméiglech ass nach e weidere grousse Meeting am Joer ze placéieren.

An d’Liichtathletik probéiert mat “Dynamic New Athletics” nei Weeër anzeschloen. Eng Kompetitioun fir Equippen mat de Stéchwierder –lafen, sprangen, geheien –. Nieft de klasseschen Disziplinnen wéi Héichsprong, Speerwerfen a Sprint suergen innovativ Momenter wéi den “Track’athlon”, oder “The Hunt” (d’Juegd) fir eng nei revolutionär Ausriichtung an dëser olympescher Sportaart. Mixed Equippen duelléieren sech an engem Zäitraum vun 2 Stonnen an 10 intensiven Kompetitiounen. Mat engem “Spill ouni Grenzen” Format well déi europäesch Liichtathletikfederatioun ee méi jonke Public cibléieren. Mol kucken ob dat dann elo d’Spectateuren a virun allem d’Athleten vum Hocker rappt.

30 Natiounen goufe fir “Dynamic New Athletics” zu Minsk selektionéiert. Lëtzebuerg gehéiert net dozou.

D’Première vun den europäesche Spiller zu Baku hat vun der Organisatioun an den Infrastrukturen hir ouni Zweiwel olympesche Niveau. Déi 2,2 Milliounen Metropol um kaspesche Mier wollt jo souwuel 2016, wéi och 2020 déi olympesch Summerspiller organiséieren, an hat dofir jo yet finanziell Moyen an Infrastrukturen a Logistik gepompelt. Si koumen mat hirer Kandidatur awer ni bis an d’Finale. An dofir sollt déi 1. Editioun vun den European Games am Kaukasus, mat der Hëllef vun den Organisateuren vu London 2012, zu enger Imagecampagn vun der aserbaidschanescher Presidentekoppel Koppel Mehriban Aliyeva an Ilham Aliyev avancéieren, fir ze weisen dass et Baku olympesch drop huet. Offizielle Käschtepunkt vun dësen europäesche Spiller: eppes méi wéi 1 Milliard Euro.

Fir déi 2. Editioun, vum 21. bis den 30. Juni, gouf dann elo ofgespeckt. D’European Games solle Minsk nach “just” eng 54 Milliounen Euro kaschten. Trotzdeem nach ëmmer en décke Batz Suen, wat sech net all Land leeschte kann. Dofir hat Holland jo, als designéierten Organisateur fir 2019, scho mat Zäiten de Schwanz bäigezunn. Duerno sollt Russland den Zouschlag kréien. Ma wéinst den Investigatiounen vun der WADA am Kader vum breetgefächerten Dopping Skandal huet den IOC säi Veto fir Russland ageluecht. “Jamais deux sans trois”, Wäissrussland gouf schlussendlech zréckbehalen.

Fir d’2. Kéier “Brout a Spiller” an enger Autokratie. Fir d’2. Kéier Propagandaspiller. Des Kéier fir den Diktator Alexander Lukaschenko, dee zanter 1994 um wäissrusseschen Presidentestull setzt.

Egal wat een elo politesch vu Wäissrussland hält. D’Preparatiounen op déi 2. “European Games” sinn esou gutt wéi ofgeschloss. Minsk ass prett.

De Budget vun den europäesche Spiller gouf no ënnen revidéiert. Dat gëllt och fir d’Zuel vun de Sportaarten: vun 20 erof op 15. Dat gëllt fir d’Zuel vun den Athleten: vun 6.000 erof op 4.000. An dat gëllt och fir d’Dauer: vun 17 Deeg erof op 10.

Sportlech intressant ass de Fait, dass et zu Minsk an 10 Sportaarten em déi olympesch Qualifikatioun geet, wat och eng Rei Lëtzebuerger Athleten beschäftegt.

An ech muss zouginn, dat ass awer och dat Eenzegt wat mech un dëse Spiller iergendwéi reizt. Dofir kucken ech och gespaant a Richtung Minsk wéi, an ob déi concernéiert rout Léiwinnen a Léiwen um Wee a Richtung Tokyo weider kommen.

De d’Leit dobaussen ginn des Spiller schonn am Virfeld laanscht d’Nues. Schwätzen ech se op d’European Games un, kucken déi meescht mech verwonnert un a hu keng Äntwer parat.

De « Eurovision Song Contest » ? Nee, dat ass eppes aneschtes. Oder awer vläicht net. Well déi zwou Organisatiounen sinn, souwuel sportlech, wéi och musikalesch, net onbedéngt déi éischten Adress an Europa.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!