Dem Nico seng Rubrik
En Zitat vun der ungarescher Fussballlegend, dee wuel direkt näischt mam Lëtzebuerger Fussball ze dinn hat. Deen awer de 4. November 1959 am deemolege „Stade Municipale“ an der Stad bei der 2-5 Defaite vun der Escher Jeunesse géint de Real Madrid seng Spueren hannerlooss huet. De Ferenc Puskás schéisst an der 29. Minutt de 4-2 fir déi Kinneklech.
Wéi ech e Freiden an der Mëttesstonn op RTL Radio Lëtzebuerg an d’Emissioun „Am Gespréich: Sportsronn Fussball“ eragelauschtert hunn, ass dee 85fachen ungaresche Nationalspiller mär nees an de Kapp komm. Engersäits wéinst sengem berühmten Zitat, anerersäits well de 4. November 1959 net manner wéi 20.000 Spectateuren d’Areler Strooss iwwerschwemmt haten.
De Paul Philipp (FLF President), de Romain Schumacher (LFL an F91 President) de Gilbert Goergen (Fola Vizepresident) an de Gérard Jeitz (USR President) hunn iwwer de Lëtzebuerger Fussball diskutéiert, wou ënnert anerem och iwwer Suen a Spectateuren riets goung.
Ech muss awer virewech de Moderator vun dëser Gespréichsronn e bëssi „tacklen“ fir am Fussballjargon ze bleiwen. Mäi fréieren Aarbechtskolleg Franky Hippert hat vergiess seng Objektivitéit mat an de Studio ze huelen. An der éischter hallwer Stonn krut dann och dee leschten Nolauschterer spatz, datt den RTL Journalist net onbedéngt déi gréisste Fan vum President vum F91 ass.
Den 2. November 2018 hat de Lex Bruch am Tageblatt en intressanten Artikel iwwer de Réckgang vun de Spectateuren an der BGL Ligue (deemols housch dat nach Nationaldivisioun) publizéiert, woubäi hien sech op den Zäitraum tëscht 1968 an 2018 baséiert. Dobäi fält op datt et an der Saison 1980/81 e Peak gouf vun 855 Spectateuren an der Moyenne, datt allerdéngs an de leschten 20 Joer des Zuelen net méi enorm variéiert hunn. Vun 486 Spectateuren an der Saison 1999/2000 goung et erof op 428 Spectateuren an der Saison 2017/18.
Déi 4 Protagonisten, déi am nationale Fussball op eng grouss Experienz zréckkucke kënnen, sief et als Spiller, Trainer oder Dirigent, sinn sech Eens iwwer d’Ursaachen vun deem Réckgang an hu kee Wonnermëttel parat, fir datt sech d’Zuel vun de Spectateuren an der BGL Ligue vun haut op mar nees verduebelt.
Fakt ass awer, wa schonn op en halleft Joerhonnert Lëtzebuerger Futtball zréckgekuckt gëtt, datt d’Qualitéit vum Spill mam ronne Lieder op nationalem Plang en enorme Quantesprong no vir gemaach huet. Souwuel um, wéi och nieft dem Terrain. D’Veräiner, a net nëmmen déi aus der BGL League, hu sech souwuel strukturell wéi och organisatoresch besser opgestallt, och wann si op déi lescht 50 Joer zréckgekuckt, parallel zum Réckgang vun de Spectateuren, mam Réckgang vum Benevolat ze kämpfen hunn.
A punkto Infrastrukturen goufen déi lescht 50 Joer enorm Efforten gemaach, och wa sécherlech nach laang net alles perfekt ass. Wou gëtt haut an der BGL Ligue da nach op enger „Kouwiss“ gespillt? Wéi vill Veräiner profitéieren vun engem syntheteschen Terrain, dee virun allem an der Jugendaarbecht Gold Wäert ass? Vestiairen a sanitär Anlagen sinn bis op wéineg Ausnamen um neiste Stand. An och a punkto Fussballgeschier mussen sech virun allem déi Jonk net méi mat sougenannten „Quetschen“ erëmploen.
Net all Veräin ka sech awer dernieft e Stadion fir 3 bis 5.000 Leit leeschten, an do ass virop d’Fro ob all Veräin aus der BGL Ligue e Stadion an där Gréisstenuerdnung géif amortiséiert kréien? A wat mécht e Veräin mat esou engem Stadion, wann en duerch wellech Ëmstänn och ëmmer, iergendwann eng Kéier an der 1. Divisioun lant?
A wann e Lëtzebuerger Veräin da nach eng Kéier sou e Parcours mécht wéi den F91 an der Europa Ligue, dann ass dee neie Stadion op der Cloche d’Or e formidabelt Instrument fir esou eng Campagn a punkto UEFA konform Infrastrukturen ofzefiederen.
Wann ech dann op dem Ferenc Puskás säin Zitat zréckkommen landen ech bei der Fro no enger Lëtzebuerger Profiliga. An deem Kontext goufen et an der Emissioun „Am Gespréich“ konkret an intressant Aussoen.
Paul Philipp: Dat well net heeschen datt d‘Veräiner net kënnen eenzel Spiller hunn déi e Profikontrakt hunn. Mär haten eng Reunioun mat deene 14 Veräiner aus der BGL Ligue am September (2018) an do war e klore Nee vun alle 14 datt mär kee renge Profichampionnat wëllen mat Obligatiounen déi ee muss erfëllen fir kënnen an der BGL Ligue ze spillen. Dat ass e groussen Ënnerscheed zu deem, e puer Spiller zu hunn déi e professionelle Kontrakt hunn. Well e reng professionelle Championnat, dat sinn Aarbechtskontrakter mat engem staff technique dee professionell ass, mat engem staff médical dee professionell ass asw, an dat gëtt d’masse critique hei zu Lëtzebuerg einfach net hier.
Gilbert Goergen: Dee ganze Professionalitéit an der Organisatioun vum Club do si mär nach komplett am Amateurberäich an deelweis komplett hannendrun. Wat awer de Professionalitéit um Terrain mat sech bruecht huet, dat ass awer den A an den O, jiddefalls bei deene Veräiner déi dat kënnen an d’Méiglechkeeten hunn, dat ass, dass de eng gewësse Qualitéit op den Training kriss, an deene Jonken déi bäikommen am Fong virliewe kanns wéi et am Sport an der Realitéit zougeet. Deen Train Train deen ee soss an der Jugend matgemaach huet, dee gëtt et bei eis am Fong net méi sou. Dat ass deen Deel Professionalitéit deen ech gäre gesinn, dat anert ass eng Saach vun der Onméiglechkeet.
Also engersäits e klore Nee zu enger Profiliga hei zu Lëtzebuerg, anerersäits kënne professionell Spiller de Lëtzebuerger Veräinsfussball opwäerten, wat sech natierlech nëmmen déi finanzkräfteg Veräiner leeschte kënnen.
Kleng Veräiner wéi Rëmeleng mussen dofir aner Weeër aschloen, a ginn a Richtung vun engem professionellen Encadrement am Nowuessberäich.
Gérard Jeitz: Mär hunn och grouss Efforten gemaach am Veräin fir eis Jugend ze forméieren, mär sinn och ee vun deene Veräiner deen zanter 2013 e professionellen Trainer am Jugendberäich huet, dat bréngt natierlech och vill mat sech. Do gëtt eng gutt Formatioun gemaach, mär brauchen esou Leit. Jiddereen weess natierlech wat dat finanziell kascht.
Finanziell méi schwaach Veräiner déi dëse Wee aschloen missten vun der UEFA, respektiv der FIFA fir esou eng Jugendpolitik finanziell Subside kréien. National probéiert d’FLF e Gläichgewiicht ze fannen, fir ze verhënneren datt de Gruef tëscht „Kleines Geld, Kleiner Fussball, Grosses Geld Grosser Fussball“ ëmmer méi grouss gëtt.
Paul Philipp: Mär musse just kucken datt mär deene Veräiner duerch Reglementer, duerch Statuten d‘Méiglechkett ginn, dass se bësschen eng Planungssécherheet hunn, an dass se net all Joer hir beschte Spiller systematesch ewegkaaft kréien. Datt déi och um Liewe bleiwen, respektiv dass déi och hir Qualitéit zu der BGL Ligue kënne bäidroen. D’Reglementer gi net gemaach fir 3, 4 Equippen dass déi kënne kafen oder verkafen wéi se wëllen, ma et soll och eng Sécherheet sinn fir déi Veräiner déi finanziell manner gutt gestallt sinn, datt et fir déi Garantien ginn, dass se eppes kënnen opbauen.
An dat eleng schonn dowéinst, datt de Fussball weider onberechenbar bleift. Datt och an Zukunft den David dem Goliath déi eng oder aner auswësche kann, ënnert dem Motto: „Kleines Geld, Grosser Fussball“.