Dem Nico seng Rubrik

26 Trainer fir 14 Veräiner……. wat e Verschläiss un Trainer an enger Saison BGL League. Ganzer 4 Veräiner, den F91, d’Etzella, Stroossen an Hueschtert, hate just een Haapttrainer op der Gehaltslëscht stoen. Bei deenen aneren 10 Veräiner ass et mat enger Paitut an dësem Fussballjoer net duergaangen.

Champion an dësem “Bäumchen wechsel dich” Exercice ass de Progrès vu Nidderkuer mat 3 Trainer an dëser Saison. Paulo Amodio, Cyril Serredszum a Mario Mutsch. Bei de Beien pickt keen Trainer méi sou richteg. Oder de Beiepresident ass ze fein a schmiert senge gutt bezuelte Spiller ze vill Hunneg ronderëm de Mond. Sécher ass jiddefalls emol, dass de Progrès mat engem neien Trainer an déi nächst Saison geet.

Punktgläich mam Progrès ass den RM Hamm Benfica, deen et och op 3 Trainer bruecht huet. Den Dan Santos krut um Cents de 4. Mäerz de Stull virun d’Dir gesat mat där feiner a léiwer Formulatioun: « les deux parties ont décidé de se séparer d’un commun accord» Duerno huet den Concalo Cruz 34 Deeg laang däerfen beim RM Hamm Cheftrainer spillen, bis de Pedro Resende op engem Päerd op den Cents geridde koum.

Hutt där nach ni déi Reklamm vu Rouspert gesinn ? Da kuckt Eech se mol un. De gudde Pedro huet sech jiddefalls dorunner inspiréiert, an ass, nodeems hien kuerz virdrun bei der Viktoria verlängert hat, sonndes, den 7. Abrëll ganz onerwaart zu Rouspert nieft dem Camping an d’Sauer gefall. Nodeems hien nees Land gesinn huet, ass de Pedro duerch d’Bëscher iwwer d’Äscht gesprongen, bis op eemol e Päerd virun him stoung. Dat huet hien direkt bei den RM Hamm guidéiert wou de Pedro den Training iwwerholl huet.

D’Reklamm vu Rouspert ass Top, dem Pedro seng Reklamm an eegener Saach ass Flopp. Dat fält ënnert d’Rubrik: Wann et dem Iesel ze bont gëtt, geet hien op d’Äis danzen.

Bei der Viktoria huet alt nees eng Kéier de René Roller mussen dowidder, an dat déi 3. Saison hannerteneen. Hien an de Claude Osweiler kënne mëttlerweil e Buch iwwer hir Trainerkarriär zu Rouspert schreiwen.

Iwwregens ass de Claude Osweiler dee leschten Trainer, deen et op der Rousperter Trainerbänk eng ganz Saison ausgehalen huet. Dat war 2013/2014. Um Terrain nieft der Sauer stéisst et dem Trainer meeschtens sauer erop. D’Viktoria huet tëscht 2014 an 2019 11 Trainer verbraucht.

An dann dee permanenten Aller-Retour. Den Arno Bonvini zu Déifferdeng liquidéiert, an zu Mondorf direkt nees mat oppenen Äerm opgeholl, nodeems de Paulo Gomes keng Loscht méi hat well säi Kontrakt net verlängert gouf.

De Paulo Amodio péckt den 3. Oktober zu Nidderkuer fir d’2. Kéier seng Valissen a péckt se 5 Méint méi spéit zu Déifferdeng fir d‘2. Kéier nees aus. Iwwerhaapt ass dem Paulo seng Trainerkarriär ganz “südlännesch”. Si spillt sech an engem Ëmkrees vun engem Grappvoll Kilometer of. Bieles, Déifferdeng, Nidderkuer, Lamadelaine, Péiteng, Nidderkuer, Déifferdeng. Dee fréiere Nationalspiller ass souwuel als Spiller grad wéi och als Trainer bis elo ni aus dem déiwe Süden erauskomm.

De Quotidien huet him de Numm Guy Roux vu Rëmeleng ginn. De President vun der USR Gérard Jeitz spillt bis zum Enn vun der Saison a sengem Veräin mol erëm eng Kéier Trainer. Net well hien dat unbedingt wollt, ma well de Sven Loscheider d’Saison net méi wollt fäerdeg maachen an dofir mol einfach nom 0-7 op der Fola d’Knëppelen bei d’Tromm geheit huet. Am Rëmelenger Park steet eng Statu vum fréieren Minnenaarbechter an Deputéierten Jean-Pierre Bausch. An e puer Joer kënnt de Gérard Jeitz niewendru stoen als Mister USR: Spiller, Trainer, Manager, President. Et gëtt näischt wat de Gérard Jeitz nach net fir seng USR gemaach huet. An hien huet fir déi nächst Saison an der Éierepromotioun scho nees e „Nobody“ als Trainer engagéiert.

Déi zwéin Escher Veräiner hunn och de Coach ausgetosch. Um Gaalgebierg den Thomas Klasen duerch de Jeff Strasser, an op der Escher Grenz de Marc Thomé duerch den Sébastien Grandjean. Och dat zwéin Trainer, déi all Kéiers op deene respektive Plaz e Comeback gefeiert hunn.

An och de Stater Racing, resepktiv Titus Péiteng wollten mat engem Trainerwiessel den « Déclic » dee bei béide Veräiner awer ni sou richteg komm ass.

Keng Victoiren, keng Punkten, keen Trainer méi. Dee muss ëmmer als éischten d’Blat botzen wann den Erfolleg op sech waarde léisst.

Wéi sot den fréiere Nationaltrainer vu Wales an och emol Trainer vu Real Madrid John Toshack: „ Méindes huelen ech mär vir déi nächst Partie 10 Spiller auszewiesselen. Dënschdes sinn et der nach 7 oder 8. Donneschdes nach 4. A samschdes stellen ech fest, dass ech erëm déiselwecht 11 Schäisskärelen vun der leschter Woch opsetze muss.“

Trainer werden ist nicht schwer, Trainer sein dagegen sehr.

Nico Keiffer

Share This

Share this post with your friends!